Schonn deemools gouf op der Gemeng an der Stad en allgemenge Iwwerwachungsplang virgestallt. De But war deemools, datt d'Policebeamte sollten opfalen, si sinn also mat der Uniform duerch d'Stad patrulléiert an esou de Kontakt mam Bierger ze sichen.
Op 3 Piliere war dëst opgebaut: Verstäerkt Fousspatrullen, och a rouege Quartieren, well hei déi gréissten Abrochsgefor besteet. Den zweeten Deel huet op e fléissende Verkéier gesat. Den drëtten a leschte Punkt war d'Sécherheet an de Parken, wou nuets Beamte mat Hënn ënnerwee sollte sinn.
Weider gouf virun 30 Joer och annoncéiert, datt déi 189 Polizisten, déi deemools an der Stad aktiv waren, sollte Verstäerkung kréien an den Effektiv sollt op iwwer 200 eropgoen.
RTL Play: Fannt hei déi ganz Emissioun vum 29. September 1991