250 LeitOp der Clairefontainesplaz an der Stad gouf fir méi Klimaschutz manifestéiert

Claudia Kollwelter
Jiddereen, onofhängeg vum Alter, war opgeruff, sech unzeschléissen. Verschidden ONGen organiséieren de Streik, dee vu Youth for Climate ausgeet, mat.
250 Leit bei Klima-Manifestatioun an der Stad
“Méi Klimaschutz” - dat ass d’kloer Fuerderung vu Youth for Climate, déi e Freideg op en Neits e Klimastreik an der Stad organiséiert hunn.

“Méi Klimaschutz” - dat ass d’kloer Fuerderung vu Youth for Climate, déi e Freideg op en Neits e Klimastreik an der Stad organiséiert hunn. Ronn 250 Leit hate sech mobiliséiert. Fir eis mat dobäi war d’Claudia Kollwelter.

Ufanks war et nach éischter roueg op der Place Clairefontaine. Ma no an no hu sech awer ëmmer méi Leit dem Cortège ugeschloss, deen duerch d’Groussgaass gaangen ass. Zil war de Pensiounsfong, mat klore Fuerderungen. Well och d’Fongenindustrie wier gefuerdert. Et misst opgehale ginn, a klimaschiedlech Industrien ze investéiert.

Mam Superwaljoer 2023 wieren natierlech och d’Politiker opgefuerdert, sech ze positionéieren. Et hätt ee schonn d’Gefill d’Politiker géifen der Organisatioun nolauschteren, mee bei der Ëmsetzung vu konkreete Mesurë géif et nach ëmmer haperen, sot nach d’Sarah Muller vu Youth for Climate.

Et war och eng Maniff géint de Krich, deen d’Ofhängegkeet vu fossillen Energien däitlech mécht.

D’Plattform fuerdert dowéinst, datt de Lëtzebuerger Finanzsecteur méi klimaneutral gëtt an de Lëtzebuerger Pensiounsfong misst och de Paräisser Klimaschutzaccord respektéieren, mat ëffentleche Gelder soll net méi ëmweltschiedlech investéiert ginn.

Manifestatioun fir méi Klimaschutz an der Stad
Jiddereen, onofhängeg vum Alter, war opgeruff sech unzeschléissen. Verschidden ONGen hunn de Streik, dee vu Youth for Climate ausgeet, mat organiséiert.

Back to Top
CIM LOGO