N8 tëscht Bruch a ReckenOp der Héicht vum Radar krute sech zwee Ween ze paken

RTL Lëtzebuerg
Géint 14.30 Auer goufen hei zwou Persoune blesséiert. De Samu war nieft de Rettungsdéngschter an der Police op der Plaz.

Déi Blesséiert goufen an d’Spidol bruecht an d’Streck huet misste fir d’Zäit vun den Aarbechte gespaart ginn.

Donieft mellt de CGDIS, dass géint 16.10 Auer um CR162 tëscht Alzeng an Haassel eng Persoun blesséiert gouf wéi en Auto an e Bam gerannt war. D’Rettungsdéngschter vun Hesper an aus der Stad waren op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO