Bilan Covid-KontrollenOp en Neits eng Partie Verstéiss géint d'Ausgangsspär

RTL Lëtzebuerg
Déi lescht Woch huet d'Police ronn 224 Kontrollen uechter d'Land duerchgefouert, fir ze kucken, ob sech un d'Coronamesurë gehale gouf.

De Fokus louch dobäi ënnert anerem um Couvre-feu. Hei gouf et ronn 140 Kontrollen.

Am Ganze goufen 78 Persoune protokolléiert, dovunner hu sech der eleng 72 net un déi gesetzlech Ausgangsspär gehalen. Donieft hunn d'Beamten an 3 Fäll e Protokoll respektiv e Rapport un déi zoustänneg Autoritéite erstallt.

Back to Top
CIM LOGO