Spaass fir Grouss a KlengOp Entdeckungsrees an der Schlammwiss

RTL Lëtzebuerg
50 Hektar grouss ass d'Schlammwiss. Et ass een Naturschutzgebitt tëscht Uewersyren a Mensder. A wou een hikuckt, iwwerall gesäit ee Schilf.
Op Entdeckungsrees an der Schlammwiiss
50 Hektar grouss ass d'Schlammwiss. Et ass e Naturschutzgebitt tëscht Uewersyren a Mensder. A wou een hikuckt, iwwerall gesäit ee Schilf.

D'Schlammwiss ass domadder ee vun de gréisste Schilfgebidder zu Lëtzebuerg.

An dësem Naturschutzgebitt gëtt virun allem d'Vullewelt ënnert d'Lupp geholl. Wéi verhale sech d'Villercher Summer ewéi Wanter hei? Dat gëtt an der Beréngungsstatioun festgehalen. D'Method vun der Vulle-Beréngung gëtt et schonn iwwer 100 Joer. 70 Benevoller verbrénge vill Stonnen hei an och Universitäre komme gären hëllefen.

Wéi vill Villercher a wéi eng Aarten ee fänkt, hänkt vu Saison zu Saison of. Wärend de Wanterméint ass et éischter moer.

Zwou Gruppe vun 10 Leit hunn e Sonndeg de Moien d'Naturschutzgebitt entdeckt. Dobäi gouf een esou munches iwwer d'Vullewelt vun der Schlammwiss gewuer.

Back to Top
CIM LOGO