
Zu Stroossen an der Rue de la Liberté waren d’Awunner géint 19 Auer grad heem komm, wéi si zwou Persounen aus hirem Gaart flüchte gesinn hunn. Eng Rei Police-Patrullen hunn direkt eng Sich no de presuméierten Abriecher ageleet, leider ouni Succès. D’Ermëttlunge lafen.
Ongeféiert géint déi selwecht Auerzäit huet zu Munneref en Noper gesinn, wéi eng Persoun vun engem Haus ewech gelaf ass. Och hei gouf agebrach an d’Spueresécherung huet eng Enquête lancéiert.
An der Rue de Kiem an der Stad hunn d’Täter géint 22.30 Auer wuel eng Fënster hannert dem Haus ageschloen, fir eran ze kommen. D’Ermëttlunge goufe vun der Police opgeholl.
E weideren Abroch gouf et géint Hallefnuecht zu Bartreng an der Cité Millewee. Hei hunn d’Täter warscheinlech d’Rolllueden hannert dem Haus blockéiert an eng Fënster ausgehuewen. Eng Sich gouf lancéiert, allerdéngs och hei ouni Succès an d’Spueresécherung war op der Plaz.