
Eng Spriecherin vun der EU-Kommissioun sot um Mëttwoch de Moien, de Jean-Claude Juncker dierft d'Intensivstatioun nach haut verloossen.
Et wär awer nach net sécher, wéini de 64 Joer ale Politiker nees ka schaffen. Dat géif vun der weiderer Entwécklung ofhänken.
Dem Jean-Claude Juncker seng Amtszäit als EU-Kommissiounschef ass jo u sech schonn zanter Enn Oktober eriwwer, mä et goung an d'Verlängerung, well déi nei Kommissioun nach net komplett ass an deemno méi spéit ufänkt mat schaffen.