
D'Sécurité alimentaire gouf nämlech e puer Mol kontaktéiert wéinst Produkter, an deene Sesamkäre verschafft goufen, déi mat Ethylenoxid kontaminéiert sinn. Ënnert anerem a Bagelen, Baguetten, Brout oder Miel.
Déi ganz Lëscht mat de betraffene Liewensmëttel kann een hei noliesen.
Et gëtt recommandéiert, déi kontaminéiert Produiten net z'iessen. Bei enger reegelméisseger Consommatioun vu Ethylenoxid kéint et zu gesondheetleche Problemer kommen.