
D’SMS selwer soll vun enger polnescher Nummer kommen, déi een da weider op e gefälschte Site vu Guichet.lu weiderleet. Hei gëtt een da gefrot, sech mat sengem Luxtrust-Account unzemellen, fir sou de Remboursement vun der Steiererklärung iwwerwisen ze kréien.
Dëst dierf een natierlech net maachen! Et ass nach eemol z’erënneren, dass Ministèren an Administratioune sech ni iwwer SMS, Whatsapp oder soss Servicer bei engem mellen. Dëst geschitt ausschliisslech iwwert d’Bréifpost. All anere Versuch, sech mat engem a Kontakt ze setzen, ass dohier z’ignoréieren. Am Zweiwel soll ee sech nach eemol bei der Agence oder Administratioun mellen an nofroen.