Och wann de Krich an der Ukrain den Ament d’Haaptthema ass: d’Corona-Infektiounszuelen ginn nees erop, a sou munch ee freet sech vläicht, ob een déi Evolutioun esou onbesuergt sollt suivéieren. Mä wéi schonn de Professer Paul Wilmes vun der Covid-19-Task-Force als Invité vun der Redaktioun, seet och den Direkter vun der Santé, dass d’Ophiewe vun de Mesurë mat Bléck op d’Spideeler ze vertriede wär.
Et ass kaum ze gleewen. D’Maske bleiwen op ville Plazen an der Posch oder der Täsch. Vill Leit musse sech mat der neier Realitéit mol nach ufrënnen, well d’Coronazuele sinn relativ héich.
„Dass d’Zuelen effektiv eropginn, ass kee Phänomen, deen et gëtt, well Masken net méi obligatoresch sinn. Et ass een, dee schonn do war”, sou den Direkter vun der Santé Jean-Claude Schmit.
Well Infizéierter manner schlëmm krank ginn, wär et ze vertrieden, d’Mesuren opzehiewen.
„Déi Fäll, déi an d’Klinick mussen, ginn net méi heefeg. Dat huet zwee Grënn: Éischtens hu mer eng Ënner-Variant, de BA.2, dee relativ harmlos ass, awer sech séier iwwerdréit. Zweetens hu mer an der Gesellschaft awer elo eng relativ héich natierlech Immunitéit.”
De Premier Xavier Bettel hat et scho gesot an de Jean-Claude Schmit widderhëlt et: et ass net verbueden, e Mask unzedoen, wann ee sech onsécher spiert.
„Wann ee selwer vulnerabel ass, soll een op alle Fall e Mask undoen, wann een ënner ville Leit ass. Am beschten esouguer eng FFP2, well déi méi schützen.”
An och, wann ee selwer kärgesond ass, soll een e Mask undoen a sech schnell-testen, wann ee bei vulnerabel Persounen op Besuch geet, réit de Santésdirekter.
Et ass an tëscht gewosst: Fréijoer a Summer si méi entspaant. Den Hierscht, dee kéint nees méi ongemittlech ginn, erkläert de Jean-Claude Schmit:
„Mir rechnen domat, dass am nächsten Hierscht rëm eng Well kënnt. Mir hunn awer den Ament ganz vill Inconnuen. Déi gréisst ass, dass mir net wëssen, wéi eng Variant op eis duer kënnt. Et ka gutt sinn, dass et eng weider manner geféierlech ass ewéi den Omikron.”
Et kéint awer och nees eng méi aggressiv kommen, ewéi d’Delta-Variant. Net nëmmen, mä virun allem an deem Zenario gi weider Covid-Impfungen néideg.
„Mir denken op alle Fall, dass mer d’Populatioun, op d’mannst en Deel, erëm am Hierscht mussen impfen. Natierlech plange mir, wéi een dat a relativ kuerzer Zäit ka maachen.”
Laanscht d’Reouverture vu Covid-Zentere kéim ee wuel net, esou den Direkter vun der Santé, deen dem aktuelle Wëssensstand no dovun ausgeet, dass net méi esou jonk Leit a vulnerabeler an Zukunft e kombinéierte Vaccin géint Gripp a Covid kéinte kréien.
Um Gesetzprojet fir eng Impfflicht géif weider geschafft ginn. Wann een e Gesetz bréicht, muss jo en Text fäerdeg sinn. Ob et iergendwann an den Asaz kënnt, wär och haut nach net gekläert.
