E Freideg de Moie war de Member vun der Covid19-Taskforce eisen Invité vun der Redaktioun.

Et wier eng politesch Decisioun, déi een awer vertriede kéint, wann ee sech d'Situatioun an de Spideeler ukuckt. Dat äntwert de Professer Paul Wilmes vun der Covid19-Taskforce e Freideg de Moien an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun" op d'Fro, ob d'Corona-Mesuren ze fréi opgehuewe goufen.

D'Omikron-Variant wier däitlech manner virulent, also manner schlëmm. Bei den iwwer 50 Joer ale Persoune wier de Risk, fir an d'Spidol ze kommen, 60 Prozent méi niddreg wéi mat der Delta-Variant. De Risk en Intensivbett ze brauchen, wier 72 Prozent méi niddreg. Déi aktuell Infektioune géifen och zu enger kollektiver Immunitéit an der Populatioun mat bäidroen an dat wier wichteg fir an Zukunft mam Virus eens ze ginn. En plus hätt een nei Behandlungsmethoden, wéi d'Medikament Paxlovid.

D’Covid19-Taskforce geet dovunner aus, datt d’Zuel vun den Hospitalisatioune klëmmt, d'Situatioun op den Intensivstatiounen awer net onbedéngt méi schlëmm gëtt. Mat der Omikron-Variant BA.2, déi aktuell hei am Land dominéiert an déi méi ustiechend ass, wier mat enger neier Well ze rechnen, déi hiren Héichpunkt géint Ouschtere kéint hunn. Ma mat enger kritescher Situatioun wier awer net ze rechnen.

Déi grouss Fro wier awer, wéi et am Hierscht an am Wanter weider geet a wéi eng Variant no der Summervakanz dominéiert. De Paul Wilmes ass och Member vum Expertegrupp, dee sech fir eng Impfflicht fir Leit vu 50 Joer un an eng Impfflicht fir d’Gesondheets- a Fleegepersonal ausgeschwat huet. Virum Summer misst ee sech d’Situatioun nach emol ukucken, mä un de grousse Conclusioune géif sech net vill änneren: Och mat enger manner schlëmmer Variant wier de Risikogrupp, Persounen iwwer 50 Joer. An och d’Gesondheetspersonal sollt geschützt ginn.

Eng nächst Impfcampagne misst am Summer organiséiert ginn an d’Fro misst dann och gestallt ginn, ob net eng Opfrëschungsdosis néideg wier, fir e bessere Schutz géint de Coronavirus ze hunn.

Invité vun der Redaktioun: Dr Paul Wilmes

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 10 op 8 op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.