VEFAOpkaf-Aktioun vum Staat soll fir Schwong um Wunnengsmaart suergen

Jean-Marc Sturm
Am Kontext vun der ugespaanter Situatioun um Wunnengsmaart héiert een heiheem ëmmer méi dacks d'Ofkierzung VEFA.

Déi 4 Buschtawe sti fir Appartementer, déi geplangt sinn oder schonn amgaang sinn, gebaut ze ginn an déi vun der ëffentlecher Hand opkaaft ginn, fir erëm Schwong an den Immobilie-Marché ze kréien. An deem Kontext ginn et nei intressant Chifferen.

Déi viregt Regierung hat déi Opkaf-Aktioun am Summer zejoert ugekënnegt, fir d’Aktivitéit um Bau um Rullen ze halen a fir och méi abordabele Wunnraum ze kréien.

Schonn Ugangs September zejoert waren déi éischt Verträg fir d’Reservatioun vun 114 Wunnunitéiten an Héicht vun 69 Milliounen Euro ënnerdaach. Zënterhier ass een ewell bei 170 Logementer fir eng Enveloppe vun ëm déi 110 Milliounen Euro. An der Moyenne läit den Acquisitiounspräis bei 7.320 Euro de Meter Carré Wunnfläch, Parking abegraff.

85 Unitéite ginn op Basis vu soziale Krittäre vum Logementsfong an der SNHBM, der “Société nationale des habitations à bon marché” an d’Locatioun gesat. Déi si progressiv bis 2028 disponibel. Zwou Logementsunitéite bis d’Enn vun dësem Joer, 7 bis Enn d’nächst Joer, 76 Unitéiten am Joer 2027 an nach emol 85 d’Joer drop.

Den Ament ass den Dossier fir d’Acquisitioun duerch de Staat vu 70 weidere VEFA-Wunnenge beim Finanzministère. An der Maach ass d’Opkafe vun nach emol knapp 90 Logementer.

Am Ganzen huet déi aktuell Regierung eng Enveloppe an Héicht 480 Millioune fir de VEFA deblockéiert. Dat entsprécht dem Opkafe vu ronn 800 Wunnunitéiten

All déi Chiffere ginn et an der Äntwert vum neie Logements- a Landesplanungsminister Claude Meisch am Kader vun enger parlamentarescher Fro vun déi Lénk. D’Pirate wollten dann Detailer iwwert eidel Locatiounswunnenge bei der SNHBM.

Där ginn et keng, schreift de Minister Meisch. Déi Wunnengen, déi aktuell net besat sinn, sinn am Gaangen, renovéiert ze ginn, respektiv wäerte geschwënn an d’Locatioun kommen.

Beim Verkaf sinn nach 125 Wunnengen disponibel, een Deel sinn nach am Bau.

Back to Top
CIM LOGO