Fir eng besser BiodiversitéitOppe Landschaften hunn ee grousst Potenzial

Marc Hoscheid
Tim Morizet
Zu Lëtzebuerg steet et net gutt ëm d'Biodiversitéit. Ëmmer méi Aarte verschwannen oder si bedreet.

Fir dat ze änneren, wëll den Observatoire de l’environnement naturel mat enger Broschür d’Bedeitung vun oppene Landschaften ënnersträichen. Een Ekosystem, deen nieft dem ekologeschen och nach een ekonomesche Wäert huet.

Oppe Landschaften hunn ee grousst Potenzial / Reportage vum Marc Hoscheid

“Den Zoustand vun der Natur hei zu Lëtzebuerg ass éischter net sou gutt. Dee ganze Rapport vum Observatoire ass 2021 publizéiert ginn. Wou eben och rauskomm ass, datt virun allem d’Biodiversitéit am Oppeland an engem schlechten Zoustand ass. An dowéinst hu mer lo de Fokus op d’Oppeland geluecht, fir do ebe genee ze chiffréieren, och monetär, wat dat ausmécht, wann een do géif Naturschutz maachen”, sou d’Presidentin vum Observatoire a Walfer Schäffe Jessie Thill.

Den Observatoire de l’environnement naturel hat e Mëttwoch de Mëtteg op eng Wiss nërdlech vu Mamer invitéiert. Virun e puer Joer stoung hei op ronn engem hallwen Hektar nach ee Fiichtebësch, ma elo gesäit een um Fräschefeld nieft Gras och Blummen, Hecken an ee Weier. De Bauer, deen den Terrain bewirtschaft, huet ee Biodiversitéitskontrakt ofgeschloss. D’Simone Schneider, Responsabel vum wëssenschaftlechen Departement vum Naturschutzsyndikat SICONA, erkläert:

“Dat ass ee Règlement grand-ducal, wou et ëm eng extensiv Notzung vun zum Beispill esou enger aarteräicher Wiss geet. De Bauer kritt ee Subsid, well e sech u verschidde Konditiounen hält, zum Beispill bësse méi spéit méint a virun allem net düngt a keng Pestiziden asetzt. Sou kënnen déi Aartevillfalt an och déi gesamt Leeschtungen, déi vun esou enger aarteräicher Wiss ausginn, och erhale ginn.”

Fir eng besser Biodiversitéit: Oppe Landschaften hunn ee grousst Potenzial
Zu Lëtzebuerg steet et net gutt ëm d’Biodiversitéit. Ëmmer méi Aarte verschwannen oder si bedreet.

Zu deene Leeschtunge gehéiert ënner anerem, datt se de Bestëbser, also zum Beispill Beien, ee Raum bidden, an dee se sech zeréckzéie kënnen. Déi si jo wichteg fir den Ubau vu Liewensmëttel. Ma déi ganz Gesellschaft hätt och finanziell eppes dovunner. D’Doris Bauer, Mataarbechterin vun der biologescher Statioun vum Naturschutzsyndikat SIAS:

“D’EU-Kommissioun geet beispillsweis dovunner aus, datt d’Gesellschaft fir all Euro, deen an den Naturschutz investéiert gëtt, d’Gesellschaft 4 bis 38 Euro un Ökosystemleeschtungen zeréckkritt. Also wann ee sech virstellt, datt doduerch, datt een op Düngung an op Sprëtze verzicht, d’Grondwaasser méi propper bleift, datt mer d’Drénkwaasser net mussen opbereeden. Datt mer natierlech CO2-Späichere rëm opwäerten, andeems mer rëm méi gesond Wiseflächen hunn.”

Mat hirer Fäegkeet, Waasser opzehuelen, géingen esou Ekosystemer zudeem géint Héichwaasser an déi entspriechend Schied hëllefen. 140.000 Hektar oppe Landschafte gëtt et zu Lëtzebuerg. Se bestinn ongeféier zu enger Hallschent aus Gréngland an zur anerer aus Ackerflächen. Bal 7.000 Hektar falen aktuell ënnert Biodiversitéitskontrakter. Zil ass et, datt et bis d’Joer 2030 13.000 Hektar sinn.

Back to Top
CIM LOGO