Budgets- a FinanzkommissiounOppositioun erhofft sech punktuell Upassunge vun der Steierreform fir 2022

Tim Morizet
Et wëll ee sech als Chamber an d'Steierlandschaft mat abréngen, esou de President vun der zoustänneger Budgets- a Finanzkommissioun André Bauler.
© RTL-Archiv

Steierreform Budgets- a Finanzkommissioun / Rep. Tim Morizet

An deem Kader ginn an der Chamber verschidden Acteure vum Terrain gehéiert, fir en Debat fir eng modern Fiskalitéit zu Lëtzebuerg unzekuerbelen. E Méindeg war d'Staatsbeamtekummer invitéiert.

Aktuell gëtt d'Fiskalitéit, also de Steiersystem zu Lëtzebuerg, zesumme mat de verschiddene Steierverwaltungen, professionelle Kummeren a mam CES - dem Conseil économique et sociale duerchliicht, fir dës am Grand-Duché weider ze moderniséieren.

Vu Säite vun der Staatsbeamtekummer, esou den DP-Deputéierten André Bauler, huet ee kloer Usoe kritt:
„D'Staatsbeamtekummer schwätzt sech kloer géint eng Corona-Steier aus. Den anere Message war, datt se sech kloer géint eng Ierfschaftssteier an direkter Linn ausschwätzen."

Hei géif ee sech och eng Spekulatiounssteier wënschen a virun allem eng equilibréiert Verdeelung vun der Steierlaascht, esou de Constat vum CSV-Deputéierte Gilles Roth:

„Tëscht deem, wat privat Leit als Salaire bezuelen an dat anert, wat um Kapital produzéiert gëtt vu Steieren, an do muss e Re-Equilibrage kommen, an dofir brauch et dringend Entlaaschtung bei der breeder Mëttelschicht um Niveau vun der Steierlandschaft."

Esou hofft een op Säite vun der Oppositioun, datt wann och keng komplett Steierreform méiglech ass, datt op d'mannst punktuell Upassunge fir d'nächst Joer geplangt sinn.

Et muss een och d'Ongerechtegkeet tëscht der Steierklass 1A an den anere Steierklassen ervirhiewen. Dat gouf och vun der Staatsbeamtekummer ënnerstrach. Et muss u Progressivitéit erauskommen", sou nach de Gilles Roth.

Hei misst virun allem de Steierkredit an der Steierklass 1A eropgesat ginn an den Delai, wann ee vun der Steierklass 2 an d'Steierklass 1A eroffält, vun 3 op 5 Joer verlängert ginn, esou nach d'CSV.

Back to Top
CIM LOGO