
Si kritiséieren, dass op de soziale Medien souwéi um Internetsite vun der Chamber virun allem d'Aarbecht vun der Majoritéit géif an de Fokus gestallt ginn, awer net ëmmer der Aarbecht vun der Oppositioun géif Rechnung gedroe ginn.
Sou géifen zum Beispill just déi Motioune vun der Chamber online gesat ginn, déi gestëmmt goufen.
D'Motioune vun der Oppositioun géifen dacks verworf ginn, a wieren sou ausgeschloss.
D'Chamber wier an dem Fall net neutral, heescht et am Schreiwes, dat op de 5. Juli datéiert ass, awer eréischt en Dënschdeg publizéiert gouf.
Déi 4 Parteie weisen an hirem Bréif drop hin, dass d'Chamber souwuel op de soziale Reseauen wéi och op hirem Site an op Chamber TV déi gesamt parlamentaresch Aarbecht misst erëmspigelen.
Et ass den Appell un de Chamberpresident, an dem Fall ze intervenéieren an der parlamentarescher Aarbecht vun der Oppositioun déi selwecht Visibilitéit zoukommen ze loossen wéi där vun der Majoritéit.