
Dorop ugeschwat, reprochéiert den ADR-Deputéierte Fred Keup dem Premier Pathos an “erëm kuerz virum Kräische gewiescht ze sinn”. Dem Claude Turmes seng Wierder kommentéiert den Oppositiounspolitiker esou: “Also den Här Turmes, ech weess net, ob vill Leit dee seriö huelen, fir et riicht eraus ze soen. An dat, wat en do gesot huet, dat war erëm eng Kéier - Pardon- egal wat. A souwisou ech hunn de Froe vun de Journalisten nogelauschtert. Déi ware ganz pertinent an et huet et jo fäerdegbruecht, op keng eng Fro konkret an anstänneg z’äntweren”.
Fir de Rescht hätt d’Regierung e Freideg, der adr no, ee ganz schwaachen Optrëtt ouni konkret Aussoe gesinn. Et géif een d’Gefill net lass ginn, datt si kee Plang hätten. Allgemeng hunn d’Oppositiounsparteie sech enttäuscht gewisen, datt e Freideg sou wéineg koum. Ma och d’Oppositioun schéngt keng Wonnerléisungen ze hunn.
Als eenzeg konkret Pist, fir op déi héich Präisser ze reagéieren, nennt de Fred Keup fir d’adr den Tankrabatt, deen hätt weider misse verlängert ginn. An datt ee kéint higoen a mat Russland verhandelen, fir nees méi Gas ze kréien.
Grad nodeems déi Gréng scho sou vill Fuerderunge gestallt hätten, hat d’CSV sech fir e Freideg e klore Kurs vun der Regierung erwaart, mat deem se an d’Tripartite géif eragoen, seet de Gilles Roth, deen nach emol senger Partei hir al Piste widderhëlt:
“Éischtens eng Energieprimm fir d’Stéit, fir d’Leit, déi bis an d’Mëttelschicht era geet. Déi Leit sinn och belaascht. An zweetens, datt et verpasst gouf, och d’Leit steierlech z’entlaaschten. Et gesäit een, datt déi kal Progressioun an allen anere Länner ausgeglach gëtt. Dat ass zu Lëtzebuerg zanter 5 Joer net geschitt. Dann hätten d’Leit och méi Kafkraaft, fir op d’mannst deelweis déi héich Präisser kënne matzefinanzéieren”.
Donieft kéint besonnesch an dësen Zäiten och den Index net ëmmer weider verréckelen.
Fir déi Lénk féiert guer kee Wee derlaanscht, datt d’Indextranche vum Hierscht normal erfält. De Spriecher Gary Diederich:
“Ech denken, déi muss falen an do wär keng Regierung a keng Partei gutt beroden, fir do nach eng Kéier drun ze goen. Mä dat wär nach ëmmer keng Errongenschaft. Dat wär éischter e Rette vun engem Acquis. Da wär och ëmmer eng Indextranche ausgesat. En erfollegräichen Accord an der Tripartite muss virgesinn, datt guer keen Aussetze vum Index méi dierf kommen.”
Parallel missten d’Betriber geziilt ënnerstëtzt ginn.
Och d’Piraten hätte sech scho virum Enn vun der Tripartite Hëllef fir d’Leit erwaart a bleiwen derbäi, d’Leit sollten all Mount 150 Euro Energiegeld kréien, plafonéiert op véier Mol de Mindestloun, bis méi eng durabel Léisung fonnt ass.
RTL-Artikel: “Spierbar” Hëllefe bis an d’Mëttelschicht a séier en Tripartite-Accord fannen