"Iwwer 100 Säiten Text hate mer an der Mediekommissioun virun eis leien, wat natierlech an 90 Minutten net ze verdauen a scho guer net mat Froen ze behandelen ass." Dat sot den Deputéierte vun de Piraten, Sven Clement, e Freideg no der Mediekommissioun, an där et ëm de Konzessiounsvertrag tëscht RTL an dem Staat goung. Nodeems de Sven Clement geklot hat, an d'Urteel vun der Cour administrative verlaangt huet, datt de komplette Konzessiounsvertrag inklusiv contrats d'ancrage gewise gëtt, kruten d'Deputéiert e Freideg en Abléck.
Ma et kéint een awer och just vun engem Abléck schwätzen, well een einfach net d'Zäit an d'Rou hat, sech déi Dokumenter am Detail unzekucken, hunn d'Oppositiounsparteien no der Sëtzung betount. D'Sëtzung war à huis clos. De Staatsminister hätt awer ugekënnegt, datt an noer Zukunft d'Dokumenter an engem Sall am Staatsministère kënne consultéiert ginn. Der Oppositioun no misst een déi awer an der Chamber kënne kucken.
Den David Wagner vun déi Lénk:"Et kann net sinn, datt een als Deputéierte muss an de Staatsministère goen, mir mussen dat kënne bei eis Doheem kucken."
De Sven Clement huet sech an der Mediekommissioun op déi Fro konzentréiert, déi à l'Origine vu senger Klo war. Nämlech ob, nom Restrukturéierungsplang 2019, nach d'Konditioune vum Kontrakt erfëllt sinn:
"Do stelle sech zousätzlech puer politesch Froen iwwert d'Renegociatioun vum Kontrakt. Well do sinn Ënnerscheeder - ouni iwwert den Detail kënnen ze schwätzen - tëscht der Versioun 2007, déi bis den 31.12.2020 gegollt hunn, an där, déi vum 1. Januar u lo gëllt an déi 2017 verhandelt gouf."
D'CSV Deputéiert Diane Adehm bedauert, datt et bis zu engem Geriichtsurteel huet misse kommen, fir en Abléck an d'Dokumenter ze kréien, ass awer frou, datt dat lo gekläert ass, och fir d'Zukunft:
"De Chamberbüro ass amgaangen, eng Prozedur auszeschaffen, an et wäert héchstwarscheinlech dorop erauslafen, datt iergendwou e Raum ageriicht gëtt, wou déi Dokumenter stinn, wou een ouni Telefon oder Pic kann eragoen, mat deem een awer Saache kéint kopéieren."
Fir den David Wagner dierft et awer allgemeng net sinn, datt si als Deputéiert systematesch no Dokumenter misste froen, wou se d'Existenz deemno wéi mol net kennen:
"Mir mussen alles zur Dispositioun hunn, dat ass de Prinzip. An dono kënne mer den Tri maachen."
Reaktioune vun de Majoritéitsparteien no der Sëtzung goufen et keng. De Premier a Medieminister Xavier Bettel war ganz presséiert a wollt trotz Nofro keen Interview ginn.