Dossier "fichier central"Oppositioun léisst net labber, Minister Bausch gëtt méi Detailer am Hierscht

RTL Lëtzebuerg
Déi parlamentaresch Oppositioun steet geschlosse beieneen a wëll am Dossier „fichier central“ net labber loossen.
© RTL Archivbild

Oppositioun léist net labber

E puer Deeg no der grousser Debatt an der Chamberplenière hat een no der zoustänneger Chamberkommissioun d'Impressioun, wéi wann ee kee Stéck weiderkomm wier, op d'mannst, wann een de Vetrieder vun CSV, ADR, Déi Lénk a Piraten nogelauschtert. Am Zentrum vun der Kritik stoungen op en Neits de Justizminister Felix Braz an de Policeminister François Bausch.

Fichier Central Oppositioun/ Reportage Pit Everling

D'Regierung a virop déi genannte gréng Minister hätten nämlech net agesinn, datt een d'Saachen elo och misst offensiv ugoen a si wéilten den Dossier erstécken, esou de Gilles Roth vun der CSV. Et misst een de Minister alles aus der Nues zéien, dat selwecht wier de Fall fir gewëss zoustänneg Kontrollinstanzen, notamment d'Dateschutzkommssioun.

Dass hei bis zu Lescht eigentlech déi CNPD gemauert huet a gesot huet: mir kënnen d'Justiz an d'Police net anescht behandelen a mir musse kucken, wéi dat mat eiser allgemenger Approche higeet. Herno huet praktesch déi gesamt Oppositioun missen intervenéieren, fir datt e Formulaire, fir de Leit Asiicht ze ginn, haut um Site vun der CNPD figuréiert.
 
Et géing ëmmer méi kloer ginn, datt den Haaptproblem déi praktesch Handhabung vun deene Fichieren ass an datt dës net adequat kontrolléiert gëtt, esou de generellen Tenor vun der parlamentarescher Oppositioun.  Den ADR-Deputéierte Roy Reding seet, et sollt een net laang op Gesetzer waarden, mä séier méi Moyenen zur Dispositioun stellen

De Justizminister ass a senger verdammter Flicht a Schëllegkeet, fir deen do Problem direkt ze léisen an de Leit déi néideg Moyenen ze ginn. Point à la ligne. Wat de Policeminister ugeet ass et dat selwecht.  An dann hu mer den Här Bettel. Ech froen net dem Här Bettel seng Demissioun als Premierminister, mä ech froe seng Demissioun als Dateschutzminister.

De Marc Baum vun Déi Lénk fënnt dës Wieder: Mir hu festgestallt, datt, wann een an eng Piffkaul spréngt, da sténkt et an et sténkt ëmmer méi, wann ee méi gewuer gëtt. Um Beispill wann ee gewuer géing ginn, datt all Administratioun hei am Land en indirekten Accès zu deem Policefichier huet.

Op alle Fall wier eng Enquêtëkommissioun nach net vum Dësch, sou de Marc Baum an och de Marc Goergen vun de Piraten. D'Pirate verlaangen iwwerdeems, datt de fréiere Policeminister Etienne Schneider den Deputéierte Ried an Äntwert steet an datt genee Chiffere geliwwert ginn

Auditiounen an der Chamber suerge fir méi Kloerheet

De President vun der Justizkommissioun Charles Margue vun Déi Gréng deelt zu engem groussen d'Constaten, wat d'Problematik ugeet. Hie verweist awer drop, datt déi Gréng Minister wierklech alles géingen drusetzen, fir Transparenz an den Dossier ze kréien.

Extrait Charles Margue

De François Bausch huet dach net deeglaang a wochelaang gewaart, fir ze soen, wou e wéilt higoen, also wann ech gelift. Déi Auditiounen hei an der Chamber droen dozou bäi, fir méi Kloerheet ze schafen an e gewëssen Drock ze maachen, datt eppes geschitt. Well dat hunn ech elo eraushéieren, et war jo en Dossier, dee mir net bekannt war. Wann ech déi verschidden Auditioune kucken, déi mer elo haten, ass där Problematik net déi Wichtegkeet zougeuerdent ginn, déi se hat, soss wären déi Reglementer net ënnergebottert ginn. Se souzen zesummen, hunn den Här Lallemang an den Här Wivenes eis elo grad gesot an et ass awer näischt geschitt, dat kann et net sinn.

Minister Bauch wiert sech

Och de Policeminister François Bausch wëll d'Saachen esou net stoe loossen a verlaangt eng Debatt, déi an de Fong geet.

Fichier Central Reaktioun Bausch / Reportage Pit Everling

D'Oppositioun ass dofir do, fir Drock ze maachen, domat hunn ech kee Problem. Mä wat ech net gutt fannen, ass datt mer vu Moies bis Owes just nach am Enrüstungstoun schwätzen an doduerch et verpassen, fir ze kucken, wat mer zesumme kënne maachen. Ech wëll Léisunge fannen a mech net nach wärend 6 Méint entrëschten.

Hie géing net drun denken, fir net an d'Chamber ze goen a wier 24/24h disponibel, sou de Minister. Hie wéilt näischt op déi laang Bänk drécken. Hien hätt och via Bréif eng Chamberkommissioun gefrot no der Rentrée

Fir mat den Deputéierten ze diskutéieren iwwert déi 8 verschidde Gesetzer, wou eng Referenz dra steet. Da si verschidde Gesetzer déi verschidde Ministèrë betreffen, wou zum Beispill d'Police muss sougenannte contrôles des antécédents maachen.

Am September kéim och eng éischt Propos, fir ze legiferéieren am Zesummenhank mat der Sécherheet um Fluchhafen. Dëst soll e Fallbeispill ginn, fir d'Komplexitéit vum Dossier ze weisen. Den Ament géing just iwwer d'Spëtzt vum Äisbierg diskutéiert ginn, sou de Minister. Déi praktesch Ëmsetzung vun den Dateschutzbestëmmunge wier wierklech komplex

Wou et méi komplizéiert ass dat ass bei den Ausféierungsbestëmmungen, fir sech d'Fro ze stellen, wou brauch ech der präzis, wou geet vläicht en internt Reglement duer an der Ëmsetzung vun deem komplizéierten Dateschutzgesetz, wou muss ee vläicht e règlement grand-ducal oder zum Beispill eppes am Policegesetz festschreiwen. Dat ass eng Feinanalys, déi ee muss maachen an déi mécht een net iwwer Nuecht.

Hie géing sech op alle Fall prinzipiell net verschléissen, fir den Kontrollinstanze méi Moyenen ze ginn

Wann een der CNPD méi Moyene gëtt sinn ech den éischten deen domat kee Problem huet. Ech fannen et awer net korrekt, wann een elo d'CNPD als Organ vun der Regierung duerstellt. Dat ass net wouer. D'CNPD ass onofhängeg.

Déi grad genannten Dateschutzkommisisoun huet also e formulaire-type op hire Site gesat. D'Bierger kënne sech op dee baséieren an déi concernéiert Entitéit kontaktéieren, wa se wëlle gewuer ginn, wéi hir perséinlech Donnéeën traitéiert ginn, vun der Police, dem Service de renseignement, der Arméi oder der Douane.

Bréif François Bausch un d'Chamber um Dënschdeg

Concerne: vérification des antécédents

Monsieur le Président,

Je me permets de vous adresser la présente au sujet de la vérification des antécédents. S’agissant d’un dossier complexe touchant plusieurs acteurs, je vous propose de vous fournir de plus amples explications sur les mécanismes de contrôle, le cadre légal ainsi que les administrations pour le compte desquelles la Police grand-ducale effectue ces contrôles.

Je souhaiterais vous présenter ces détails à la rentrée et avoir, à cette occasion, un échange avec la Chambre des Députés sur les modalités et les règles liées aux vérifications des antécédents.

Veuillez agréer, Monsieur le Président, l’assurance de ma considération très distinguée.

LeMinistre de la Sécurité intérieure,

François BAUSCH

RTL.lu: Op cnpd.lu - Formulaire-Modell, fir Infoen iwwer Traitement vu perséinlechen Daten unzefroen

Back to Top
CIM LOGO