AktivitéitsrapportOpschaffe vum SREL-Archiv nach net ofgeschloss

RTL Lëtzebuerg
D’Aarbechte vun den Experten, déi d’Archive vum Geheimdéngscht ënnert d’Lupp sollen huelen, sinn nach am Gaang.

Dat geet aus dem Aktivitéitsrapport vum SREL ervir, deen d’Chamber um Méindeg public gemaach huet.

Wärend der Geheimdéngschtaffär 2012 an 2013 – déi zu Neiwale gefouert hat – war d’Enquêtëkommissioun op Archive vum SREL gefall – en Deel vun den Archive war am Sennenger Schlass.

Dës sinn an d’Nationalarchiven transferéiert ginn a ginn, wéi gesot, nach opgeschafft.

PDF: Rapport d'activités de la Commission de contrôle parlementaire du Service de renseignement de l'État.

Back to Top
CIM LOGO