19 nei PetitiounenOrange Stroosse-Markéierungen an en Uni-Spidol gi gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Zanter e Samschdeg sinn 19 Petitiounen online, déi bis de 7. Abrëll op d'mannst 4.500 Ënnerschrëfte musse kréien, fir ëffentlech debattéiert ze ginn.

D’Fuerderunge vu de Petitionäre ginn vu-bis:

E Vidange op allen Zorte vu Fläschen a Béchse gëtt beispillsweis gefrot, Steiererliichterunge fir Celibatairen, d’Ofschafe vun der Maskeflicht an Alters- a Fleegeheemer, en Uni-Spidol, méi Congésdeeg am Fall vun engem Stierffall bannent der Famill oder orange Stroosse-Markéierungen.

Den Detail fënnt een um Site petitions.lu.
Den 8. Mäerz ass iwwregens den nächsten ëffentlechen Debat, an zwar iwwert e verbesserten Accès zu IRMen, Scanneren a Mammografien.

Back to Top
CIM LOGO