Violatioun vun de Grondrechter?Organisatioun Passerelle mécht Recours géint Direction de l'Immigration

RTL Lëtzebuerg
D'Organisatioun Passerelle setzt sech ënnert anerem fir d'Rechter vun den Demandeurs d'asile an.
© AFP

Elo huet si Recours um Verwaltungsgeriicht géint e Virgoe vun der Direction de l’Immigration gemaach, déi jo dem Ausseministère ënnersteet. D’Direction de l’immigration géing nämlech eppes praktizéieren, wat eng direkt Violatioun vun den Grondrechter wier, sou steet et en Dënschdeg de Moien an engem Communiqué.

Konkret geet et ëm eng Äntwert vum Ausseminister op eng parlamentaresch Fro. An der Äntwert dementéiert de Jean Asselborn, dass Direction de l’immigration géing Demandë refuséieren, fir eng protection internationale z’enregistréieren. Am Géigenzuch assuméiert de Minister awer, dass seng Servicer engem Demandeur d’asile kënne soen, dass seng Demande keng Chance wäert hunn, duerchzekommen. Also nach iert déi individuell Situatioun vum Asyl-Demandeur konnt analyséiert ginn.

Donieft huet den Ausseminister matgedeelt, dass dëst Joer 1 vun 2 Persounen hir Meenung geännert hätt, nodeems se eigentlech hätt wëllen eng Demande op Asyl maachen. Dës Positioun vum Ausseminister géing leider och dat Virgoe confirméieren, wat d’Organisatioun Passerelle um Terrain constatéiert hätt, sou steet et am Communiqué.

Souguer wärend dem Confinement wären extrem vulnerabel Persoune bei d’Passerelle komm an hätte gesot, si hätten hir Demande net kënnen deposéieren. Dat wär, wéi wann ee Police-Beamte géing refuséieren, fir eng Plainte opzehuelen, well hien et géing als onnëtz consideréieren. Dobäi wär et souguer esou, dass déi administrativ Prozedure guer net eleng vum der Lëtzebuerger Direction de l’immigration géing ofhänken, mä och vun anere Staaten. Dofir hätt d’Organisatioun och e Recours gemaach, fir dass d’Riichteren dëst Praktik solle kontrolléieren.

Back to Top
CIM LOGO