Wocheréckbléck vun der SantéOtemwee-Infektioune gi weider erof

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Santé an hirem Wochebilan mellt, sinn d'Coronazuelen an der drëtter Januar Woch nach emol ëm gutt 16% zréckgaangen.
© RTL-Grafik

Trotzdeem sinn an der Woch vum 16. bis 22. Januar fënnef Leit a Relatioun mam Coronavirus verscheet. D’Altersmoyenne louch do bei 74 Joer.

Stand e Mëttwoch louchen nach 9 Covid-Patienten an de Spideeler, dovunner eng Persoun op der Intensivstatioun.

Bei de Varianten dominéiert nach ëmmer BQ.1 largement. D’Mutatioun XBB wënnt awer un Terrain, heescht et vum LIST.

An de Kläranlage bleift eng héich Presenz vum Virus, mat enger Tendenz awer, déi liicht no ënne weist.

Och d’Fäll vun der Gripp sinn an der genannter Woch ëm e Véierel erofgaangen. Dat alles deelt d’Santé am Wochebilan vun den Otemwee-Infektioune mat.

© Santé

PDF: D'Schreiwes vun der Santé mam Wocheréckbléck 16. bis 22. Januar 2023.

Back to Top
CIM LOGO