Dobäi koum, datt eng Rei Produiten zäitweis net konnte geliwwert ginn.
Permanent hätt ee sech missen un d’Fermeturen a Reouverturë vum Marché adaptéieren an intern reorganiséieren.
Et wier deemno e ganz gemëschte Joer 2021 gewiescht, heescht et aus dem Secteur. Zwar hätten d’Plate fir matzehuele Succès gehat an d’Receptiounen an Evenementer am September an Oktober hätten der Branche nees Hoffnung gemaach, bis zu deem Moment, wou d’Annulatioune vu Chrëschtdagsfeieren an d’Haus geflu wieren.
Mat Bestellunge fir Privatiesse fir just 4-12 Leit a mat de staatlechen Hëllefe kéint een dat grousst, pandemiebedéngt Lach an de Keese leider net stoppen.