Konkret kritt all Visiteur a Patient d’Féiwer gemooss an e muss eng Partei Froe beäntweren. Zil ass et, ze verhënneren, datt de Virus vu baussen ageschleeft gëtt. Dat nodeems e sech schonn onerkannt ageschlach hat. Bei engem Patient, den e puer Deeg laang wéinst enger anerer Saach hospitaliséiert war, gouf jo e Mëttwoch an de spéiden Owesstonnen de Coronavirus festgestallt. D’Hôpitaux Robert Schuman hunn de Kontroll-Dispositiv an Eegeregie op d’Bee gesat, vun der Santé wär et kee Plang ginn. D’Klinik huet och decidéiert, d’Hallschent vun hirem Personal heem ze schécken. Dat fir eng Reserve ze hunn, wann et méi schlëmm gëtt mam Virus a wëssen och, datt vill vun de Mataarbechter aus Frankräich kommen.