President vun nationaler Schülerkonferenz am Interview"Ouni mental Gesondheet keng schoulesch Leeschtung"

RTL Lëtzebuerg
D'CNEL, déi national Schülerkonferenz, huet en Avis zum Koalitiounsaccord geschriwwen. Hire President Dany Semedo war Invité am Journal.
Kënschtlech Intelligenz an Digitaliséierung wieren Zukunft vun der Educatioun.
De President vun der nationaler Schülerkonferenz Dany Lopes Semedo am Interview.

Et géife ganz gutt Elementer am Koalitiounsaccord a Saache Bildung dra stoen, esou den Dany Semedo. Et wier sécher keng Datz fir d’Regierung. E Kritikpunkt wier, dass d’kënschtlech Intelligenz net méi thematiséiert géif ginn.

“Also Kënschtlech Intelligenz ass wierklech e ganz grousse Fortschrëtt. An ech denken, KI huet sécherlech seng Plaz an der Schoul. Ech denken, sief et d’Digitaliséierung awer och d’Kënschtlech Intelligenz sinn allen zwee Deel vun eiser Zukunft.”

D’Fro, wéi ee KI an der Schoul kann notzen, misst an de Vierdergrond geréckelt ginn.

D’Schüler géife méi ëm hir Meenung gefrot ginn

A ville Schoule géif et mëttlerweil gutt klappen, dass op d’Meenung vun de Schüler gelauschtert gëtt, erkläert den Dany Semedo, och wann nach Sputt no uewe géif bleiwen.

“Et gëtt natierlech Schoulen, déi elo net ganz d ‘Meenung vun de Schüler consideréieren, mee ech muss awer soen, dass et a verschidde Schoule ganz gutt klappt.”

Mental Gesondheet muss een thematiséieren

Ouni mental Gesondheet keng schoulesch Leeschtung, dat seet de President vun der nationaler Schülerkonferenz. D’Schoule missten aktiv um Terrain géint Mobbing virgoen, dat virun allem preventiv.

“Wat geschitt mat den Täter, wa si do erwëscht ginn? An och wat ganz wichteg ass, wéi kann een och d ‘Affer gutt accompagnéieren, soudass se dann erëm mental stabil kënne ginn.”

D’Thema vum Klimawandel war déi lescht Joren en zentraalt bei de Jonken, och hei misst virun allem d’Politik weider Efforte maachen.

Back to Top
CIM LOGO