MassOuschterfeier an der Diddelenger Kierch

Christophe Hochard
Nieft de Chrëschtdeeg an der Faaschtenzäit sinn d'Ouschteren d'Haaptfest am kierchleche Kalenner. Op dësem Dag gëtt d’Liicht gefeiert.
Ouschterfeier an der Diddelenger Kierch
Nieft de Chrëschtdeeg an der Faaschtenzäit sinn d’Ouschteren d’Haaptfest am kierchleche Kalenner. Op dësem Dag gëtt d’Liicht gefeiert.

D’Hoffnung steet fir vill gleeweg Leit am Vierdergrond. A ville Kierche vum Land gouf e Sonndeg d’Ouschterfest zelebréiert. Schonn e Samschdeg den Owend waren d’Katholicken zu Diddeleng an der Porkierch zesummekomm, fir zesumme mam Paschtouer Edmond Ries dëst Fest ze feieren.

Et war eng ganz opwenneg Feier, wou och de Kierchechouer zesumme mam Organist scho Wochen am viraus déi eenzel Lidder ageprouft huet. Wärend der Mass goufen och jonk Erwuessener gedeeft.

Back to Top
CIM LOGO