Just fir Booster-ImpfungenOuverture vun engem weideren Impfzenter an der Luxexpo

Christophe Hochard
Vun e Méindeg un ass den Impfzenter an der Luxexpo um Kierchbierg op. Dat ass de 5. Impfzenter zu Lëtzebuerg. Hei ginn dann nëmme Booster-Impfunge gemaach.
Ouverture vun engem weideren Impfzenter an der Luxexpo
Vun e Méindeg un ass den Impfzenter an der Luxexpo um Kierchbierg op. Dat ass de 5. Impfzenter zu Lëtzebuerg. Hei ginn dann nëmme Booster-Impfunge gemaach.

Zil ass et, d’Impfcampagne weider an d’Gäng ze kréien. Dofir ass och dës Woch den Delai, fir de Rappell ze kréien, verkierzt ginn.

Ronn 8.000 Leit sollen d’Woch iwwer an der Luxexpo geboostert ginn. Virun der Fuesvakanz soll d’Rappell-Campagne ofgeschloss sinn. Dofir wier et wichteg, dës lo nach eng Kéier ze relancéieren. Dës Woch trieden direkt zwou Neierungen a Kraaft, den Haut-commissaire à la protection nationale Luc Feller erkläert: “Haut kommen zwee Phenomener zesummen: Engersäits gouf den Delai, fir sech boosteren ze loossen, erofgesat vu 4 op 3 Méint an och de Phenomen, dass och Jugendlecher tëscht 12 a 17 Joer d’Méiglechkeet hunn, sech ze boosteren.”

Bis elo weist ee sech zefridde mam Verlaf vun der Booster-Campagne. Bis ewell hu sech ronn 250.000 Leit en drëtte Vaccin sprëtze gelooss. Weider 80.000 Persounen hätte sech bis Enn Januar e Rendez-vous geholl. Et hätt ee gesinn, dass déi meescht Leit, déi eng Invitatioun kruten, sech och bannent den éischten Deeg schonns en Datum fir d’Impfung geholl hätten.

Neien Impfzenter Luxexpo / Reportage Sabrina Backes

Den Ament kréien déi Leit ënner 30 Joer de Pfizer-Vaccin an déi iwwer 30 Moderna. Fir genuch Dosisse wier gesuergt, seet de Luc Feller: “Etass esou, dass duerch déi Accelératiounsprozeduren, déi mer matgemaach hunn a mat deenen neie Kontrakter, dass mer am Laf vum Mount Januar eng ronn 20.000 Dose Moderna kréien. Mer wäerte fir de ganze Januar ronn 100.000 Dose Pfizer kréien, vun deene mer schonn eng Rei geliwwert kruten. Mä déi Dosen, déi bäikommen zu deenen, déi mer souwisou schonn um Stock hunn, wäerte maachen, dass mer ouni Problem iwwer déi nächst 4-5 Woche kommen.”

An nächster Zäit wäerten an der Luxexpo dann direkt zwee Impfzentere sinn. Engersäits dee just fir d’Booster-Impfung an anerersäits dee provisoreschen, deen deen an der Victor Hugo Hal ersetzt. Dësen huet jo wéinst Problemer mam Plaffong missen zoumaachen. Hei ginn dann och éischt an zweet Dosisse gesprëtzt.

A béide Fäll ass nach onkloer, wéi laang d’Impfzentere sollen opbleiwen. Bei deem, deen elo an der Luxexpo opgaangen ass, si bis elo mol zwou Woche geplangt. Dësen Delai kann awer och verlängert ginn, wa vill Leit sech e Rendez-vous géingen huelen. Den Ament wieren awer nach vill Horairë fräi.

Ma och wann den Impfzenter an der Luxexpo zougeet, ginn et ëmmer nach genuch Plazen, wou ee sech kann am Land impfe loossen. Nieft dem Hausdokter sollen deemnächst och nach Apdikten dobäi kommen. Och ass geplangt fir am Fréijoer erëm den Impfbus anzesetzen, fir kënnen nach méi flexibel ze sinn.

Back to Top
CIM LOGO