
Effektiv géif et um Kierchbierg 2 Plaze ginn, wou Leit hiert Lager opgeschloen hätten, bewunnt vu Persoune mam Statut "sans domicile fixe". Ofgesi vu sporadesche Fäll vun "wëllem Campéieren am touristesche Sënn", géif et awer keng Fäll vun "wëllen Zeltlager" ginn.
Et goufen och effektiv d'lescht Joer Zelter, respektiv improviséiert Lager bei 2 Airen hei am Land fonnt, déi als "Behausung" fir Flüchtlinge genotzt goufen.
Sou schreiwen d'Ministeren Taina Bofferding an Henri Kox an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro vun den adr-Deputéierte Kartheiser an Engelen, datt souwuel bei der Aire de Berchem, wéi och bei der Aire de Capellen Flüchtlinge waren, déi do an Zelter iwwernuecht hunn.
Et geet rieds vun zwou Kéiere bei der Aire de Berchem, wéi emol eng Dose Leit aus dem Eritrea erfaasst goufen, déi dunn d'Land hu misste verloossen.
Ronderëm d'Aire de Capellen, respektiv der Gare vu Klengbetten, ass d'Police reegelméisseg mat Leit konfrontéiert, déi op der Flucht sinn an hei illegal a Schäpp oder eidele Gebaier logéieren. Dës Leit probéieren a Camionen ze klammen, déi an Direktioun England ënnerwee sinn. Vu reegelrechten "Campen" wëllen d'Ministeren hei awer net schwätzen.