Prozess an der Affär Bianka BisdorffParquet freet 15 Joer Prisong fir d'Mamm

Diana Hoffmann
De Prozess ëm de verschwonnene Puppelche Bianka Bisdorff ass en Donneschdeg op en Enn gaangen.
© Archivbild

Well fir de Parquet ausgeschloss ass, datt d’Kand nach lieft, fuerdert dëse 15 Joer Prisong fir d’Mamm. Haut hätt dat klengt Bianka 7 Joer an d’Verantwortung fir den Doud hätt d’Mamm, esou zitéieren d’Lëtzebuerger Medien de Parquet.

En Donneschdeg gouf och déi Opnam virgespillt, wou d’Mamm soll zouginn huet, de Puppelchen ëmbruecht ze hunn, sou hat et d’lescht Woch geheescht.

Si gëtt vum Matbewunner beschëllegt, d’Kand ëmbruecht ze hunn a si widdersprécht deem net. “Du fënns et net. Ech war kucken. Hatt ass net méi do...”, esou d’Aussoe vun der Mamm op der Opnam.

De Prozess, deen zou Woche gedauert huet, war keen einfachen. Eng Läich gëtt et net, kaum Beweiser. Mä just Indicen. An d’Haaptugekloten ass net op d’Geriicht komm an huet och all Ausso viru Geriicht verweigert.

Well d’Mamm eben ni am Prozess opgedaucht ass a well d’Méiglechkeet leider géif bestoen, dass esou eng Geschicht sech kéint widderhuelen, sollt si dem Parquet no och keng Méiglechkeet op e Sursis kréien.

D’Urteel ass fir den 8. Februar virgesinn.

Back to Top
CIM LOGO