Mord u FrëndinParquet freet 30 Joer Prisong fir ugekloten

RTL Lëtzebuerg
Nodeem e Sträit eskaléiert war, hat de Mann seng Liewenspartnerin ëmbruecht.

Am Prozess ëm e Mord, am Juni 2018, zu Schëffleng goufen e Freideg de Moien um Stater Geriicht 30 Joer Prisong fir den Ugeklote gefrot. Dem Mann vun haut 41 Joer war virgehäit ginn, seng deemools 45 Joer al Liewenspartnerin ëmbruecht ze hunn. An der Koppel war et ëmmer nees zu Konflikter komm an um Owend virun de Faiten zu engem Sträit, deen den anere Moie fréi eskaléiert war. D'Urteel gëtt den 2. Abrëll gesprach.

Weider Detailer: Déidleche Sträit: Mann muss sech wéinst Mord u senger Frëndin veräntwerten

Back to Top
CIM LOGO