
D'Dot vum Mann wär ze erkläre mam Wonsch, dass d'Fra de Mond hält, woubäi hien d'Gefill hätt, dass et méi wäit goung, wéi et sollt goen: Dat sot en Neuropsychiater en Donneschdeg um 1. Dag vum Prozess ëm e Mord, am Juni 2018, zu Schëffleng.
E Mann vun haut 41 Joer kritt virgehäit, seng deemools 45 Joer al Liewenspartnerin ëmbruecht ze hunn. Kuerz virun der Dot wär si aggressiv ginn an hätt hie vernannt. Hien hätt gewollt, dass dat géif ophalen.
Dat war allzäit d'Versioun vum Mann an de Gespréicher mam Expert. Deem sot den Ugekloten, hien hätt der Fra de Mond wëllen zouhalen a si mam Hals geholl. Du wär et zu engem, Zitat, „Filmrëss“ komm. D'Fra hätt op eemol um Bauch geleeën an hie panikéiert. Hien hätt direkt gesinn, dass si dout wär. Hien hätt keng Erënnerung dorunner, dass si sech gewiert hätt. Aarbechter nobäi hätt hie gesot, hien hätt wuel een ëmbruecht. Dem Psychiater hat de Mann och nach gesot, d'Affer hätt aus him ee gemaach, deen eng Persoun ëmbruecht hätt. Domat hätt hie sech deresponsabiliséiert. 2016 hätten déi zwee sech am Spidol kennegeléiert, wouraus eng Bezéiung gouf. D'Schwieregkeeten hätten ugefaangen, wéi hie bei si wunne goung. Der Fra hiert Meedchen hätt bal net mat him geschwat an d'Fra hien net ënnerstëtzt. 2017 wären d'Konflikter méi heefeg ginn, an 2018 wär hie vun hir net als hire Mann oder Frënd ugesi ginn. Um Owend virun de Faiten hätte si Sträit kritt a sech géigesäiteg gestouss. Doropshi wär si fortgaangen. Kuerz virun der Dot wär si an d'Bett komm an de Sträit dunn eskaléiert. De Mann, deen Epilepsie huet, hätt zum Zäitpunkt vun der Dot kee sou en Ufall gehat a wär strofrechtlech responsabel, sou d'Konklusioun vum Neuropsychiater. Och seng wär et, dass keng sou eng Kris virlouch, huet en Neurolog dono ausgesot. De Beschëllegten hätt net oder nëmme kuerz Medikamenter géint d'Epilepsie geholl. Vu Mee 2018 un hätt hien dat gemaach, sot de Mann emol, wat awer net credibel wär, wann een d'Bluttanalys no der Dot kuckt. D'Faite wären zwar potenziell compatibel mat enger epileptescher Kris. Een dann z'erwierge géif et awer net ginn, an hien hätt och ni en aggressiivt Verhalen an enger Kris gewisen.
Um Ufank vun der Sëtzung hat de Me Travessa Mendes, Affekot vun der Duechter, 30.000 € Schuedenersatz fir déi jonk Fra gefrot. Dëse Prozess dierft e Freideg de Moien op en Enn kommen.