Soll seng Fra erwiergt hunnParquet freet liewenslaang Prisongsstrof fir Mann vun Dummeldeng

Diana Hoffmann
De Parquet freet eng liewenslaang Prisongsstrof géint e 66 Joer ale Mann vun Dummeldeng, deen am September 2023 seng Fra fir d’éischt mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen huet a se dono erwiergt huet.
© RTL-Archiv

De selwechten Owend huet hien d’Läich bei Konsdref am Bësch verstoppt a probéiert, d’Dot ze vertuschen.

En Dënschdeg huet den Ugekloten da selwer um Stater Geriicht ausgesot an ënnerstrach, ni d’Intentioun gehat ze hunn, seng Fra ëmzebréngen. Dëst wëll d’Procureure opgrond vun den Enquêten awer net gleewen. Als Motiv fir d’Dot gëllt, dass d’Affer den Ugekloten no 40 Joer Bezéiung wollt verloossen.

D’Urteel ass fir de 25. Februar.


Back to Top
CIM LOGO