Fils vum Ugekloten a Mordprozess"Ech gleewen wierklech, datt et ëm leeddeet, datt e meng Mamm ëmbruecht huet!"

Claudia Kollwelter
Dat sot de Fils vum 66 Joer alen Ugekloten, deem aktuell de Prozess um Stater Geriicht gemaach gëtt, well hien Enn September 2023 seng Fra doheem zu Dummeldeng erwiergt huet.
© Laurent Weber

Hien hat se dono an engem Bësch um Scheedgen verstoppt. De Freideg de Moie goufen ënnert anerem säi Bouf a säi Brudder gehéiert.

Et wier en “einfache” Mann, dee léif mat de Leit gewiescht wier, hëllefsbereet a vill gelaacht huet. Esou huet de Jong vum Ugeklote säi Papp beschriwwen. Hie wier absolut ni aggressiv gewiescht, weder par rapport zu him a senger Schwëster, nach zu senger Mamm. “Hie war an ass e gudde Mann”, sot iwwerdeems de Brudder vum Ugekloten. Hie wier och absolut keng autoritär Persoun. D’Relatioun tëscht dem Mann a senger Fra hu béid Zeien als gutt beschriwwen. “Hien hat seng Fra immens gär, si waren e gutt Team an et huet alles gutt geklappt” huet de Brudder ausgesot. Dofir war et fir de Fils och e Schock, wéi hie gewuer ginn ass, datt seng Mamm säi Papp wéilt verloossen wéinst engem anere Mann. Dat wier aus heiterem Himmel komm. Geplangt war, datt d’Kanner freidesowes mat hiren Elteren heiriwwer schwätze sollten. Dozou ass et awer ni komm.

An der Nuecht vun donneschdes op freides huet de Papp seng Fra erwiergt an huet d’Läich verstoppt. Den Dag drop ass den Ugekloten dunn zesumme mat sengen zwee Kanner eng Vermësstemeldung bei d’Police maache gaangen. Eréischt dënschdes, den 3. Oktober huet hien d’Dot gestanen. Bis dohin hätt de Papp ni duerchblécke gelooss, wat wierklech geschitt ass, sot de Fils um Stater Geriicht. Fir de Brudder hätt et ni eng Indikatioun dofir ginn, datt den Ugekloten esou eppes kéint maachen an d’Fra à risque wier.

Béid Zeie si reegelméisseg a Kontakt mam Ugekloten an hunn alle béid betount, datt se wierklech dru gleewen, datt et him leed deet. Wat allerdéngs deem widdersprécht, wat d’Psychiateren an hirem Rapport geschriwwen hunn. Doran heescht et, datt wann den Ugekloten gesot hätt, datt em eppes Leed géing doen, et ëmmer op seng Persoun bezu wier. Et géing him zum Beispill leed doen, dass hien elo eleng wier. De Brudder huet nach betount, datt den Ugeklote lues a lues realiséiert, wat geschitt ass an datt e sengem Liewen, deem vu senge Kanner an der Famill vu senger Fra geschuet huet.

D’Suitte vum Prozess ass de 27. Januar.

Back to Top
CIM LOGO