7. Dag am Bommeleeër-bis ProzessParquet freet Strofen tëscht 18 Méint a 5 Joer Prisong

Diana Hoffmann
D’Procureur huet sech och dogéint ausgeschwat, dass déi Ugekloten e Sursis op der ganzer Strof sollte kréien.
7. Dag am Bommeleeër-bis Prozess: Parquet freet Strofen tëscht 18 Méint a 5 Joer
D’Procureur huet sech och dogéint ausgeschwat, dass déi Ugekloten e Sursis op der ganzer Strof sollte kréien.

Kee vun de Beschëllegten hätt e Regret gewisen, esou d’Procureur d’État adjoint an hirem Requisitoire. Et hätt kee gesot, dass et em Leed géing doen, dass e sech gezwonge gesinn hätt ze léien oder net hätt kënnen d’Wourecht soen. Eng falsch Zeienausso wier eng Strofdot, op där Prisongsstrofen tëscht 5 an 10 Joer géinge stoen. Bei Circonstances atténuantes kéinten et tëscht 3 Méint an 10 Joer sinn. «Wéi d’Zeien deemools virgaange sinn, kann nëmmen aus Béiswëllegkeet gewiescht sinn», huet d’Procureure ënnerstrach. Déi eng hätte vill Wierder drop gesat, anerer hätten näischt gesot. Mee wat offensichtlech gewiescht wier, wier, dass d’Wourecht hätt solle verstoppt ginn.

7. Dag am Bommeleeër-bis Prozess - Reportage Diana Hoffmann

Si huet hir Fuerderungen an enger gewësse Reiefolleg virgedroen. Ugefange mat der hire Wierder no “gravester Infraktioun um Niveau vun der Dreistegkeet.”

Géint de fréiere Generaldirekter vun der Police, de Pierre Reuland, freet si eng Prisongsstrof vu 5 Joer. “Hien huet ganz oppen de Geck mat den Institutioune gemaach”, huet d’Procureure betount. Dobäi hätt eng gewëssen Iwwerhieflechkeet mat an d’Verhandlunge bruecht an haarsträubend Aussoe gemaach. Si wier och, mat Bléck op d’Preuven iwwerzeegt, dass de Pierre Reuland bei der nationaler Observatioun Geiben dobäi gewiescht wier. Mee hie géing dëst ofstreiden, fir net ze soen, wisou d’Spuer Geiben fale gelooss ginn ass.

Als zweet koum si op den Armand Schockweiler, fréieren Direkter bei der Sûreté, ze schwätzen, deen d’Justiz un der Nues erëmgefouert hätt. Hie wier op enger Schlësselpositioun gewiescht, bei de Recherchen zu de Bommeleeër-Attentater. Doriwwer eraus wier beluecht, dass hien deemools Beweismëttel siche war an dës net méi zréckbruecht hätt. Ma hien hätt e bëssi méi eng bescheiden Attitüd gewisen. Fir hie ginn 3 Joer Prisong gefuerdert.

Den Aloyse Harpes, féiere Gendarmeriekommandant, wier net manner schlëmm implizéiert, mee hätt haut 97 Joer, wat ee bei der Strof misst berécksiichtegen. Deemno ginn hei 2 Joer Prisong gefuerdert. Hie wier deemools en onëmgänglechen Acteur an der ganzer Prozedur gewiescht. Eng Rei Zeien hätte gesot: “Ouni den Harpes ass näischt gaangen”.

Zwou weider Persounen, de Guy Stebens, fréiere Police-Generalsekretär, an de Guillaume Büchler, fréier Sûreté-Beamten, hätten dann noweislech gelunn, well se sech aus enger falsch verstanener Loyalitéit forcéiert gesinn hätten. Fir de Guy Stebens géing dann eng Condamnatioun wuel manner schlëmm sinn, wéi et fir hie war, fir ze léien, stellt d’Procureure fest. Hien hätt och keng reell Falschausso gemaach, mee kontradiktoresch Aussoen. Géint di zwee freet si eng Prisongsstrof vun 18 Méint.

E Fräisproch freet si da fir de Marcel Weydert, fréiere Member vun der Brigade mobile. Et kéint een hei keng Falschausso zréckhalen, well dëse sech 5 fir 12 aus senger mësslecher Lag gezunn hätt. Hien hätt agesi gehat, net deen op enger Foto ze sinn, wou hie sech behaapt huet. Dëst war nämlech net méiglech, well hien deen Ament net am Land war.

4.165 Deeg géingen de Jos Wilmes an de Marc Scheer um Grill sëtzen

D’Affekote vun de Partie Civile Marc Scheer a Jos Wilmes hunn dann och hir Schuedenersatzfuerderung géint déi 6 Ugeklote vu jee enger Hallwer Millioun Euro erkläert. “Si sinn déi bekanntst an déi längst Ugekloten an der Geschicht vum Land, ënnersträicht ee vun den Affekoten. Duerch d’Falschaussoen am Prozess 2013/14 wier de Leidenswee vun deenen zwee ëm 11 an en Halleft Joer verlängert ginn. Eng Zäit, wou si an hir Famillje keen normaalt Liewen hätte kënne féieren. Permanent hätt en Damoklesschwäert iwwert hinne gehaangen an hätte Leit si an der Ëffentlechkeet erkannt an als Bommeleeër bezeechent. Leschte Sonndeg wieren et genau 18 Joer hier gewiescht, dass si verhaft gi wieren. “Et bleift ëmmer eppes hänken. Plus ça dure, plus ça colle”, sou d’Feststellung vum Affekot.

Fir si an hir Mandante wier, anescht wéi bei den aktuellen Ugekloten, d’Bier net geschielt, wann dëse Prozess eriwwer wier. Och net wann den Appell oder d’Kassatioun an den nächsten 2 Joer duerch wieren. Zu allem Iwwerfloss wier nach net gesot, dass den Haaptprozess dann och direkt géing weidergoen. Bei dësem Prozess wier näischt erauskomm. Näischt, well keen eppes soe wéilt.

De Prozess geet dann net en Donneschdeg weider, mee e Méinden, dass d’Affekoten hir Defense kënne preparéieren.

LINK: Optakt vum “Bommeleeër-bis-Prozess” - Affekote soen, de Prozess kéint net onofhängeg vum anere gefouert ginn
LINK: Dag 2 vum “Bommeleeër-bis Prozess” - Wann d’Erënnerungen net méi fiabel schéngen
LINK: 3. Dag am Bommeleeër-bis Prozess - Enquêteuren huele presuméiert Falschaussoen noeneen duerch
LINK: 4. Dag am Bommeleeër-bis Prozess Eng villverspriechend Pist gouf einfach fale gelooss
LINK: 5. Dag am Bommeleeër-bis Prozess: “Fundamental keng falsch Zeienausso gemaach ginn, fir d’Geriicht ierzeleeden”
LINK: 6. Dag am Bommeleeër-bis Prozess: D’Ugekloten erklären d’Faiten, déi hinnen als Falschaussoe reprochéiert ginn

Back to Top
CIM LOGO