Eng villverspriechend Pist gouf einfach fale gelooss
© RTL
Ëmmer nees ass den Numm vum Ben Geiben, Grënner vun der Elite-Unitéit gefall. Dëse war awer vun haut op muer op eemol aus der Schosslinn.
Wat ass den 18. Oktober 1985 zu Bréissel geschitt? Dat ass d’Fro, déi sech ee vun den Enquêteuren am Bommeleeër-bis Prozess en Donneschdeg gestallt huet. Aktuell musse sech jo 6 Ugeklote wéinst Falschaussoen am Bommeleeër-Haaptprozess 2013/14 virum Stater Geriicht wärend 16 Sëtzunge veräntwerten.
Just een Dag ier et zu Lëtzebuerg nees geknuppt hat, waren 3 Enquêteure vun der Sûreté zu Bréissel, well si eng Observatioun vum fréiere Member vun der Elite-Unitéit vun der Brigade Mobile wollte bei den Autoritéiten ufroen oder selwer maachen. De Ben Geiben war deen Ament net méi bei der Gendarmerie an huet Bréissel gelieft.
Wat wousst a weess hei ee vum deemolege Member vun der Sûreté, de Guillaume Büchler? Den Enquêteur, deen déi 11 reprochéiert Falschaussoe vun dësem analyséiert huet, huet ënnerstrach, dass dat méi muss sinn, wéi dëse virgëtt. Schliisslech wier hie Member vum Grupp d’Enquête Bommeleeër gewiescht. De Guillaume Büchler ass dann als eenzegen Ugekloten ouni Affekot viru Geriicht opgedaucht. "Ech hu mer näischt virzewerfen, a wee sech näischt virzewerfen huet, brauch keen Affekot", hat dësen um éischte Prozessdag betount.
Wann erauskéim, wat genee zu Bréissel gelaf ass, wier wuel och kloer, wisou d’Observatioun vum Ben Geibel zu Lëtzebuerg den Dag no der Visitt vun den Enquêteuren zu Bréissel fale gelooss gi wier, sou d’Meenung vum Enquêteur. Den Dag dono koum et nämlech zu enger Explosioun virum Palais de Justice a quasi parallel war decidéiert ginn, dass déi bis dohin aussiichtsräich Spuer “Ben Geiben” fale gelooss géing ginn.
Spuer “Ben Geiben”: Net méi prioritär oder komplett fale gelooss?
Als zweet war um 4. Dag vum Bommeleeër-bis Prozess dann och den Enquêteur drun, dee sech mat de 25 presuméierte Falschaussoe vum Armand Schockweiler befaasst huet. Dëse war zum Ament vun den Attentater Chef vun den Enquêteure bei der Sûreté a war och den 18. Oktober 1985 mat op Bréissel gefuer, am Kader vun der Observatioun “Ben Geiben”. Wisou d’Observatioun zu Lëtzebuerg direkt dono ënnerbrach gouf, géing hien net wëssen, hat den Ugeklote bei Befroungen ausgesot. Hien hätt och keng Anung gehat, dass de Geheimdéngscht (SREL) mat enger nationaler Observatioun beoptraagt gewiescht wier. “Dat schéngt awer onwarscheinlech”, esou den Enquêteur vun der Police. A 7 Minutten hätt den Ugekloten dräi ënnerschiddlech Aussoe gemaach gehat, wat déi national Observatioun ugaange wier.
Nom Attentat beim Palais de Justice hätt da keen him ordonéiert d’Spuer “Ben Geiben” falen ze loossen, hat den Armand Schockweiler och an enger Befroung uginn. Hien hätt och de belschen Autoritéiten net gesot, d’Spuer falen ze loossen. Se wier just net méi prioritär gewiescht.
Nom Prozess huet dann den Affekot vum Armand Schockweiler, de Benoît Entringer, kritiséiert, dass de Rapport vum Enquêteur, dee sech mat sengem Client befaasst, “dënn, onprezis an net neutral” wier mee virgeholl a biaiséiert. Et wiere vill Suggestiounen a Suppositioune gemaach ginn. “An dat ass dout-sécher net d’Roll vun engem Zeien. En Zeie soll dat soen, wat e weess, net iergendwéi Suppositioune bréngen”, sou den Affekot. Den Enquêteur um Dag virdrun hat awer, no änlecher Kritik gesot, dass den Untersuchungsriichter den Accord ginn hätt, hier Iwwerleeunge mat afléissen ze loossen.
Wat méiglech Falschaussoe wärend dem Prozess 2013/14 ugeet, betount de Benoît Entringer, dass deemools wärend dem Prozess an all Richtunge gebierelt gi wier. “Do ass nogebuert ginn, wann d’Äntwert net déi war, déi erwaart war. Dann ass nogebuert ginn, bis dass keng Äntwert méi koum. Also et war dout-sécher net d’Serenitéit vun der Justiz, déi een sech erwaart hat”, erënnert sech den Affekot, dee selwer un e puer Sëtzungen deelgeholl hätt. Zeien hätten do liicht kënnen aus der Balance bruecht ginn.