Um zweeten Dag am Bommeleeër bis Prozess war en Dënschdeg eng Expert vun der Uni Lëtzebuerg als Zeie gelueden.

"Kann et sinn, dass een no 30 Joer, wann een eppes erlieft huet, et net méi an de richtege Kontext bréngt?", freet déi Virsëtzend Riichterin. "Absolut", sou déi direkt Äntwert vun der Professer fir kognitiv Neurowëssenschaften. D'Vergiesse spillt am Prozess iwwer presuméiert Falschaussoen 2014 eng wichteg Roll. Hunn déi sechs Ugeklote wëssentlech a express gelunn, oder huet hir Memoire hinnen eng gespillt? No den Ausféierunge vun der Expert wier dat zweet duerchaus denkbar.

Dag 2 vum "Bommeleeër-bis Prozess" / Reportage Diana Hoffmann

Wéi vill een iwwert d’Zäit vergësst, doriwwer géingen et just wéineg Laangzäitstudië ginn. Ma e Wëssenschaftler aus Australien wier zu der Conclusioun komm, dass iwwer 20 Joer, mat 40 Joer Zweedrëttel vun der Memoire net méi accessibel wier. Wa Momenter awer méi wief, rar oder emotional intensiv wieren, géing ee se éischter verhalen. An awer och wann d’Emotiounen negativer Natur waren éischter wéi positiver.
 
Incentiver iwwert d’Jore kéinten d’Memoire dann och veränneren. Fir Erënnerungen ze recuperéieren, bräicht een Indicen, déi mat der Memoire géingen zesummenhänken, sou d’Expert. Eng Memoire wier net mat engem Enregistrement ze vergläichen a géing sech iwwert d’Zäit veränneren. Zum Beispill kéint et sinn, dass ee sech géing un eppes an engem Kontext erënneren, mee et wier an engem anere gewiescht. "Den Inhalt ass richteg, mee d’Source ass falsch", esou d’Conclusioun. Sou kéinten och Falschinformatiounen als richteg encodéiert ginn.
 
D’Affekoten an déi virsëtzend Riichterin wollten dann erausfannen, ob ee sech net kéint besser erënneren, wann ee mat der Observatioun vu sengem fréiere Chef beoptraagt gi wier, well dat esou aussergewéinlech wier. Dëst war eng Uspillung op d’Falschaussoen iwwert d’Observatioun vum fréier Brigade mobile Member Ben Geiben. D’Expert konnt hei awer keng konkret Aussoe maachen. Just esouvill: "Als Wëssenschaftler géing ech ni soen: Deen do muss sech drun erënneren. Dat gëtt d’Wëssenschaft net hier. D’Probabilitéit wier grouss, mee ech géing ni soen: Dee misst...."

Enquête zu de presuméierte Falschaussoe vun engem Ugekloten

No den Aussoe vun der Expert, déi vum Affekot vum Pierre Reuland, dem Roland Assa geluede war, huet ee vun den Enquêteure vun der Police e kuerze Réckbléck op d’Affär gemaach. "Mer hu musse feststellen, dass d’Aussoen 2013 an 2014, déi virun der Chambre criminelle gemaach goufen, zum Deel net koherent sinn. Oder dass se am Géigesaz zu aneren Zeie stinn oder den Erkenntnisser no falsch sinn", sou den Expert. Als éischt gouf d’Enquête ëm déi presuméiert Falschaussoe vum Marcel Weydert presentéiert.
 
Dem haut 68 Joer ale Marcel Weydert, fréiere Member vun der Brigade mobile, gëtt reprochéiert, eng Falschausso gemaach ze hunn, wat eng Foto ugeet. Et ass eng Foto, déi 2012 am Luxemburger Wort ofgedréckt gi war. Ee vun den Ugekloten aus dem Bommeleeër-Prozess, de Marc Scheer, hat him doropshin eng Mail geschéckt, a gefrot, ob hie kéint bestätegen, dass hien deen op der Foto nieft him wier. Bis elo war een dovunner ausgaangen, et wier den zweeten Ugekloten aus dem Bommeleeër-Prozess Jos Wilmes. Ma de Marcel Weydert hat dem Marc Scheer an engem Bréif confirméiert, dass hien op der Foto ze gesi wier, déi nom Uschlag op d’Kasematten 1985 op der Plaz gemaach gi wier. Am Kader vun der Enquête huet sech awer erausgestallt, dass de Marcel Weydert net konnt do gewiescht sinn, well hie mat der Famill an Italien an der Vakanz war.
 
Wisou et eng Roll spillt, ob hie bei deem Asaz bei de Kasematten dobäi war oder net, huet dem Marcel Weydert säin Affekot, de Frank Wies nom Prozess esou erkläert: "Fir de Parquet ass et wichteg an deem Sënn, dass se soen, dass probéiert ginn ass, d’Seriositéit vun der Enquête a Fro ze stellen”. Wann op ee Mol géing am Dossier Scheer/Wilmes (déi zwee Ugekloten am Bommeleeër Prozess vun 2014), gesot géing ginn, dass déi zwee um Owend vun den Attentater op der Plaz waren, da kéint op ee Mol alles a Fro gestallt ginn. Méiglecherweis géing de Parquet dann zur Conclusioun kommen, dass d’Seriositéit vun der Enquête kéint a Fro gestallt sinn. An dëst kéint dann zu enger a Frostellung vum Prozess féieren.