
Ënnert anerem wéinst Coups et blessures volontaires sollt sech en Donneschdeg, um Dag no der Rentrée judiciaire, e gudde Bekannte vun der Justiz um Dikrecher Geriicht veräntweren. Sollt, well de Mann vu 45 Joer ass net fir säi Prozess ugetrueden. Dobäi gouf et, wéinst him, verschäerfte Sécherheetsmesuren am Sëtzungssall.
Dass dat net ganz vu Muttwëll war, beweisen d'Faiten, déi dem Beschëllegte virgehäit goufen. Dozou huet zum Beispill d'Aggressioun vun engem Aarbechtskolleeg zu Ëlwe gehéiert, genee wéi e Besuch um Steierbüro zu Klierf, bei deem de Mann um Enn „Allahu akbar“ gejaut hat.
"Hien huet sech selwer als Terrorist vun Ëlwen ausginn. Wat ass dat fir e Kärel?", wollt de President vum Geriicht am Verlaf vun der Sëtzung vun engem Polizist wëssen. Dee sot, hie wär net Psycholog. De Mann geséich sech am Recht, géif all Anere beim klengste Virfall e Pedophillen nennen an da Selbstjustiz maachen. Sou geschitt am Mäerz 2017 an der Industriezon zu Ëlwen: Do war e Mann, deen e Mëttwoch net op d'Geriicht koum, well hien ze vill Angscht hat, därmoossen zerschloe ginn, dass hie 15 Deeg krank geschriwwe war an zwou Rëpper gebrach hat. De Me Marc Becker, Affekot vun deem Affer, huet dofir ronn 22.500 € Schuedenersatz gefrot oder awer eng Expertise.
Am Mäerz zejoert du koum den Ugekloten op de Clierfer Steierbüro a wollt do seng Steiererklärung ausgefëllt kréien. Wéi d'Fra, déi mat him ze dinn hat, Nee sot, huet hien no Explikatioune gefrot. D'Beamtin huet sech net wuel gefillt, goung bei eng Kolleegin a bei hire Chef a krut gesot, si sollt probéieren, dass hie geet. De Mann hat si doropshi gefrot, ob si net wéisst, wien hie wär. Hie wär geféierlech a si géife sech erëmgesinn. Am Erausgoen hätt hien "Allahu akbar" geruff, dat heescht "Gott ass méi grouss". D'Fra sot, si hätt Angscht gehat. Dem Polizist no hat de Mann dës Visitt um Steierbüro och heemlech gefilmt, dee Video op Youtube gesat an do ënnert anerem vun der"mafia des impôts" geschwat. Um Policebüro sot de Mann, dass hie vun der ganzer Welt géif schlecht behandelt ginn, awer keng Absicht hätt, fir de Leit Angscht ze maachen.
Fir de Vertrieder vum Parquet gesäit sech de Mann mam Casier als Affer, sou stéing et allzäit an engem Rapport vun engem Psychiater. Hien hätt awer d'Gefill, sou de Parquetier, dass de Beschëllegte bekäppt hätt, well hie verschidde Publikatiounen zréckgezunn hätt. Nawell sollt de Mann zu 18 Méint Prisong an zu enger Geldstrof condamnéiert ginn.
D'Urteel gëtt den 22. Oktober gesprach.