Méi Kontroll, méi Suen a Personnalité juridiqueParteiefinanzéierungs-Gesetz soll op de Leescht geholl ginn

Pit Everling
D'Parteiefinanzéierungsgesetz gëtt op de Leescht geholl, eng Rei Lacunne sollen nogebessert ginn.

An der parlamentarescher Institutiounekommissioun gouf dës Woch de Point gemaach. Een Zil ass et, fir eng besser Kontroll ze kréien.

Neit Parteiefinanzéierungsgesetz / Reportage Pit Everling

Dat ënner anerem, well bei der Campagne fir déi lescht Chamberwalen nei Phenomener konstatéiert goufen, esou de President vun der zoustänneger Kommissioun, den LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry:

"Gemëschte Lëschten, Parteien, déi Lëschte mat Associatioune maachen, perséinlech Walcampagne vu Kandidaten, déi net onbedéngt integréiert ginn an d'Campagne vun der Partei. D'Fro, déi sech stellt, ass déi vun der Kontroll."

De Rechnungshaff wäert d'Konte kucken an déi Phenomener kritesch analyséieren.

Ënner anerem d'Pirate gi jo hei ugeschwat. Et wënscht ee sech och méi Kontroll, seet den Deputéierte Sven Clement. D'Piraten hätte sech awer bei der leschter Walcampagne un d'Reegele gehalen:

"Den Daniel Frères huet seng Ausgaben an de Bilan vun der Partei integréiert. En décke Batz vun eisem Ëmsaz si perséinlech Done vun him, déi hien awer duerno direkt erëm als Ausgaben hat fir Werbung".

Da gëtt et Iwwerleeungen, fir Parteien eng Personnalité juridique ze ginn, den Ament si si Associations de fait. Eng Iddi, déi de Sven Clement begréisst:

"Et gëtt kee Kritär, wat eng Partei ass. Den Term Partei ass net protegéiert. 3 Leit, déi zesummen eng Association de fait hunn, kënne soen: ech sinn elo eng Partei."

Als Association de fait däerf een net Proprietär sinn, dofir hunn zum Beispill missten A.s.b.l.e gegrënnt ginn. Och déi Fro soll diskutéiert ginn.

Den alen Text ass vun 2007, de Montant ass zënterhier net méi ugepasst ginn. Nach eng Kéier den Alex Bodry:

"Do sollt een der Präisentwécklung Rechnung droe vun de leschten 12 Joer".

En anere Punkt sinn d'Seuilen an d'Kritären, fir Hëllefe vum Staat ze kréien, och déi kéinten op de Leescht geholl ginn.

Back to Top
CIM LOGO