Véier Parzellen an der StadParticipatiivt Wunnen: Zesumme mat anere Leit e Bauprojet realiséieren

RTL Lëtzebuerg
D'Stad Lëtzebuerg lancéiert véier nei Projeten. D'Gemeng verkeeft véier Parzellen, fir sougenannt participativ Wunnengen ze bauen.
Participatiivt Wunnen: Zesumme mat anere Leit e Bauprojet realiséieren
D’Stad Lëtzebuerg lancéiert véier nei Projeten. D’Gemeng verkeeft véier Parzellen, fir sougenannt participativ Wunnengen ze bauen.

Leit kréien also d‘Méiglechkeet, fir am Grupp e Wunnprojet ze schafen. Déi véier concernéiert Terraine sinn a véier verschiddene Quartieren an der Haaptstad. Bis zu 27 Wunnengen kënnen amenagéiert ginn.

No 2017 ass et fir d’Zweet, datt d’Stad de Projet “Groupements d‘habitat participatif” realiséiert.

Déi Kéier elo op véier verschiddene Plazen. Verkaaft ginn zwou Parzellen zu Hollerech, eng zu Märel an eng, wann ee vum Weimeschhaff erof an d’Neiduerf fiert.

D’Iddi ass, Privatpersounen d’Méiglechkeet ze ginn, en eegenen Bauprojet ze realiséieren a méi spéit hire Logement selwer ze verwalten, ewéi d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer erkläert.

Den Avantage vu sou engem Projet ass, dass ee selwer ka seng Pläng maachen, entweder méi grouss oder méi kleng, oder eppes, wat ka flexibel sinn. Dass een am Fong dat, wat herno de Promoteur mécht, dass een dat selwer mécht. Dat heescht allerdéngs och méi Arabescht, mä et kann een eben vill méi perséinlech säi Projet, a wann méiglech mat Leit, déi op eemol den nämmlechten Objektiv hunn, fir zesummen ze wunnen an awer verschidde Saachen zum Beispill ze deelen, realiséieren. Fir ee méi grousse Sall, wou een ka mol Fester maachen, wou ee sech kann zesumme gesinn.

Potentiell Keefer däerfen nach net Proprietär sinn. Et kann een d’Parzell kafen oder op d’Emphyteose zeréck gräifen. De Stater Schäffe Patrick Goldschmidt.

Also et ass sou, déi Leit, déi am ‘habitat participatif’ wëlle matmaachen, déi mussen och do wunnen. Do kënne keng Wunnenge gebaut ginn, fir ze verlounen, dat geet net. Wat hei ass, mir hunn ee Bebauungsplang, e PAG, do ass genee virgesinn, wat een op enger Parzell däerf maachen a wat net. Dat ass hei genee dat nämmlecht. Si hunn d‘Volume virgeschriwwen, mä bannen dran, wéi et gestallt gëtt, do kann de Gruppement dat selwer decidéiere mat engem Architekt selbstverständlech, deen ëmmer natierlech kann op der Gemeng nofroen.”
Wien interesséiert ass, awer nach keng aner Leit kennt, déi wëlle matmaachen, organiséiert d‘Stad dräi Informatiounsevenementer .

Den éischte Workshop ass den 20. September an der Rocade. Et muss een sech bis eng Woch am Viraus ugemellt hunn. Den Detail gëtt et op

vdl.lu

PDF: D'Reglementer an de Cahier des Charges

Back to Top
CIM LOGO