Op eise StroossenPartie alkoholiséiert Chaufferen aus dem Verkéier gezunn

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police an hirem Bulletin e Sonndeg de Moie matgedeelt huet, haten e puer Chaufferen e Samschdegowend, respektiv an der Nuecht, ze vill gedronk.
© Laurent Weber / RTL Archivbild

Géint 20.50 koum et zu engem Accident op der Tréierer A1, deen och schonn de CGDIS gemellt hat. Déi genee Ëmstänn sinn nach net gekläert, ma den implizéierte Chauffer stoung ënner Alkoholafloss a krut de Permis ofgeholl.

Géint 1.30 Auer war et dann ee weideren Accident, bei deem Alkohol am Spill war. Zu Réiden an der Rue d’Ospern hat en Automobilist an enger laanger Lénkskéier d’Kontroll iwwert säi Won verluer an ass vun der Strooss ofkomm. Den Auto huet sech iwwerschloen. Dem Mann hannert dem Steier ass awer näischt geschitt, wéi d’Police schreift. Et huet sech erausgestallt, dass och hien ze déif an d’Glas gekuckt hat an och hie war de Fürerschäin dono lass.

Géint Hallefnuecht gouf dann nach e weidert Gefier gemellt, dat kloer am Zickzack op der A13 a Richtung Diddeleng gesteiert gouf. Eng Patrull huet de gemellten Auto ausgemaach an de Chauffer kontrolléiert. Den Alkoholtest positiv an de Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO