Ze spéit gesinn op naaser StroossPassantin gouf op Zebrasträifen ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Geschitt ass de Virfall e Mëttwoch den Owend um 17.35 Auer op der Place de la Gare zu Beetebuerg.
© RTL Archiv

D'Foussgängerin gouf ugestouss, wéi si den Zebrasträife genotzt huet, fir d'Strooss ze passéieren. An der Peppenger Strooss huet en Automobilist op der Héicht vun der Rue Antoine Zinnen zwar gebremst, ma d'Passantin gouf ze spéit gesinn. Wéinst dem Reen dobäi koum de Won net méi rechtzäiteg zum Halen a krut d'Passantin ze paken.

D'Affer gouf blesséiert, war awer bei sech. Si gouf, nodeems si nach sur place medezinesch versuergt gouf, mat der Ambulanz an d'Spidol bruecht. D'Peppenger Strooss war fir de Verkéier wärend dëser Zäit gespaart.

Back to Top
CIM LOGO