No Vereedegung en DënschdegPassation des Pouvoirs am Kooperatiounsministère

Pit Everling
Et ass d'Suite vum Depart vum Etienne Schneider, ma et ass en „Äddi“, deen der Concernéierter schwéier fält.
© SIP / Luc Deflorenne

E Mëttwoch gouf am Kooperatiounsministère an der Rue de la Congrégation e weideren Hausschlëssel iwwerreecht. D'Paulette Lenert gëtt d'Geschécker weider un den LSAP-Parteikolleeg Franz Fayot.

Am Wirtschaftsministère en Dënschdeg gouf et eng Kapitänskap, e Mëttwoch krut den neien LSAP-Minister e kapverdianesche Schal mat op de Wee, keen zoufällege Kaddo, well déi éischt Rees geet schonn déi nächst Woch op déi afrikanesch Inselgrupp am Atlantik.

Passation des Pouvoirs / Rep. Pit Everling (5.2.2020)

E Projet fir erneierbar Energië gëtt ageweit. Soss stéing elo mol d'Organisatioun vun den Assises de la Coopération um Programm. Coordinateur général a riets Hand vum Franz Fayot wäert an dësem Ministère den LSAP-Politiker a Staatsrootsmember Christophe Schiltz ginn.

De Franz Fayot geréiert jo vun en Dënschdeg un och de Wirtschaftsministère. Wirtschaft a Kooperatioun, dat géing sech net widderspriechen. D'Kooperatioun gëtt dem Ekonomiesminister eng gewëss Sensibilitéit.

No engem Joer seet d'Paulette Lenert hirer Equipe „Äddi", wat der neier Gesondheetsministesch net einfach gefall ass.
Si géing immens vill mat op de Wee huelen. No engem Joer ass een esou lues richteg ukomm an engem Ressort. D'Kooperatioun huet hir immens Freed gemaach, sou d'Paulette Lenert.
De Grand-Duché wier bei der Entwécklungshëllef immens breet opgestallt. Am meeschte markéiert hätt si hir Rees an de Bangladesch an an e Flüchtlingscamp, sot déi nei Gesondheetsministesch.

Hirem Successeur gëtt d'Paulette Lenert den Tipp mat op de Wee, sech genuch Zäit ze huele fir d'Kooperatioun. Den neien Haushär versprécht, op d'mannst eemol d'Woch e ganzen Dag present ze sinn.

RTL-Artikel: Passation des Pouvoirs am Wirtschafts- a Gesondheetsministère

Back to Top
CIM LOGO