
Viru kuerzem ass RTL kontaktéiert ginn, well angeeblech Kameraen an Zëmmer vum Centre Hospitalier Neuro-Psychiatrique (CHNP) zu Ettelbréck fonnt goufen, dat an der Struktur Horizon. Bei de Patienten, déi d'Kamerae fonnt hunn, huet dat vill Froen opgeworf. Deemools ass och d'Police op d'Plaz komm.
De Pressebüro vun der Police huet confirméiert, dass et dëst Joer en Asaz de 26. Mäerz um 8 Auer ginn hätt, well eng Patientin gemellt hat, et géife Kameraen an de Raimlechkeeten hänken. D'Beamten hätten effektiv Kameraen op der Plaz virfonnt. No weidere Recherchë wier erauskomm, dass d'Kameraen net ugeschloss waren a warscheinlech viru méi wéi 20 Joer installéiert goufen.
Och den CHNP huet op Nofro confirméiert, datt "verschidden al Kamerae" virun e puer Wochen an der Unitéit Horizon entdeckt goufen. No interne Kontrolle wier festgestallt ginn, datt d'Kameraen am Joer 2001 installéiert goufen. Gläichzäiteg hätt een awer och kënnen noweisen, datt si ni un e Reseau ugeschloss waren.
Aucune captation d’images n’a donc eu lieu.Dat huet den CHNP schrëftlech matgedeelt
Nom Signalement vun engem Patient wieren d'Kameraen direkt ewechgeholl ginn.
Firwat d'Kameraen iwwerhaapt installéiert goufen, kann de CHNP haut net méi mat Sécherheet soen.
L'hypothèse la plus vraisemblable est que ces caméras avaient été installées dans unobjectif de sécurité, à une époque où l'unité accueillait des patients particulièrement instables et où les effectifs soignants étaient plus limités qu'aujourd'hui. Il s'agit toutefois d'une hypothèse, aucun élément ne permettant de la confirmer formellement.Dat huet den CHNP schrëftlech matgedeelt
D'Kamerae waren hannert hëlzene Verkleedunge verstoppt, dat gesäit een och op enger Foto, déi RTL krut. Dat géif och erklären, wisou dës iwwer méi wéi zwee Joerzéngten net fonnt goufen.

Den CHNP huet am Mail och drop higewisen, dass d'Psychiatrie sech an de leschte Joerzéngte staark verännert huet. Virop d'Methode fir Patienten ze behandelen.
Le CHNP a engagé de nombreux efforts pour promouvoir une approche centrée sur le respect, les droits et le rétablissement des patients, ainsi que pour contribuer à une meilleure compréhension et à une déstigmatisation des maladies mentales.Dat huet den CHNP schrëftlech matgedeelt
Wëllt och Dir vertraulech Kontakt mat der RTL-Redaktioun ophuelen, da maacht e Mail un dossier@rtl.lu