Invité vun der Redaktioun (3. Juni) - Patrick DuryUm Mindestloun muss eppes geschéien, mee et ass keng rout Linn méi

Annick Goerens
E Mëttwoch de Moie war d'Tripartite Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

Déi Gespréicher en Dënschdeg (um éischten Dag vun der Tripartite) ware ganz konstruktiv. D'Ambiance am Sall war gutt. An dat huet eis alleguer natierlech och confiant gemaach. Dat sot de Patrick Dury e Mëttwoch de Moien. Den LCGB-President a Co-President vun der Gewerkschaftsunioun LCGB-OGBL war eisen Invité vun der Redaktioun. D'Stëmmung tëscht de Sozialpartner wier gutt gewiescht, ma um Enn géif nëmmen ee konkreten Accord zielen. Fir hie wier eng Tripartite eréischt dann e Succès, wann och wierklech e Resultat um Dësch läit.

Inflatioun a Kafkraaft am Mëttelpunkt

Bei de Gespréicher goung et ënner anerem ëm Mesuren, fir d'Inflatioun ze bremsen an d'Kafkraaft vun de Stéit ze erhalen. Hie kéint natierlech keng Detailer iwwer d'Verhandlunge ginn. Mee "ech mengen dat, wat u sech um Dësch läit ass, ze kucke wéi kann een d'Inflatioun ofbremsen an doduerch verhënneren, dass Indextranchen nach falen. Mir hunn dat schonn eng Kéier mam Energiepräis-Deckel gemaach an d'Diskussiounen hu gëschter zum Deel dorëms gedréint."

Mindestloun bleift e wichtege Sujet, mee ass keng Rout Linn méi

D'Erhéijung vum Mindestloun bleift fir d'Gewerkschaften natierlech e wichtegen Dossier. De Patrick Dury huet drop higewisen, datt de Mindestloun den europäesche Reegelen no misst nogebessert ginn. Ënnerscheede géing ee sech tëscht Regierung an Gewerkschaften bei der Berechnung dovun. D'Unioun vun de Gewerkschafte géing fuerderen, datt de Mindestloun ëm 300 Euro soll opgebessert ginn. Et hätt een awer net gesot, dass dat vun haut op muer misst sinn. Et wéilt ee just gär iwwer eng Agenda schwätzen, wéi een dat soll ëmsetzen. Mee et wier een ni bis dohin komm. Et misst een eppes um Mindestloun maachen, mee et wier elo keng Rout Linn méi, sou de Patrick Dury.

Gewerkschafte wëllen Aarbechtsplazen ofsécheren

Eng Prioritéit fir d'Gewerkschafte bleift d'Existenz vun de Leit ofzesécheren, betount de Patrick Dury. Et wéisst een, dass hei am Land no all Kris de Chômage nees an d'Luucht geet. Mee et hätt een haut schonn een héijen Chômage, "ze vill héich fir eist Land". Dofir huet de Patrick Dury sech nach eemol fir eng "Cellule de reclassement" ausgeschwat, [wou ee sechs Méint honnert Prozent vum leschte Salaire kritt, ndlr], déi et betraffene Salariéë géif erlaben, sech weiderzebilden an an der Aarbechtswelt ze bleiwen, amplaz an de Chômage ze falen. An den Ae vun de Gewerkschafte wier et méi sënnvoll, Leit duerch Formatioun an Aktivitéit ze begleeden, wéi dass se laangfristeg op Chômagegeld ugewisen sinn.

Suergen ëm d'Auswierkunge vun der Kënschtlecher Intelligenz

Nieft der aktueller wirtschaftlecher Situatioun huet de Gewerkschaftsvertrieder och op déi kommend Erausfuerderunge vun der Kënschtlecher Intelligenz higewisen. "Dat wat mer vill méi fäerte wéi elo onbedéngt direkt den Aarbechtsplazeverloscht, ass d'Verännerung vun eiser Aarbechtswelt," erkläert den LCGB-President. Dofir misst an d'Formatioun vun de Salariéen investéiert ginn an d'Personaldelegatioune missten an dëse Prozess mat agebonne ginn.

Gewerkschafte verdeedegen hire méi "haarden Toun"

Op d'Kritik, d'Gewerkschafte wieren an de leschte Méint ze aggressiv opgetrueden an hätten duerch hir "Rout Linnen" d'Verhandlunge virbelaascht, huet de Patrick Dury geäntwert, dass d'Lëtzebuerger Gewerkschaften "lernfäeg" sinn. Si hätten an de leschte Méint vill Energie missen investéieren, fir hir Rechter ze verdeedegen, an dass ee sech géint Mesuren hätte misse wieren, déi si als Attack op d'Gewerkschaftsrechter ugesinn hunn. Am Verglach mat anere Länner wier d'Situatioun zu Lëtzebuerg nach ëmmer ganz roueg. Wärend et rezent spontan Streiken an der Belsch an e Generalstreik a Portugal gouf, hätten d'Lëtzebuerger Gewerkschafte bis elo virun allem op Demonstratioune gesat. Dobäi wier weder d'Bevëlkerung nach den ëffentleche Service gestéiert ginn, sou de Patrick Dury.

Sozialdialog nees stäerken

Op d'Fro, wat um Enn vun der Tripartite misst erauskommen, huet de Patrick Dury e globale Kompromëss gefuerdert. Nieft konkrete Mesure wier et och wichteg, de Sozialdialog tëscht Regierung, Patronat a Gewerkschaften nees ze stäerken. "Mir kënnen an deem Gestreits net méi virufueren", esou säi Fazit.

Invité vun der Redaktioun: Patrick Dury

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO