
Am leschte Regierungsrot gouf dës Nominatioun, déi d’CSV gemaach huet, ugeholl an déi offiziell Publikatioun am Mémorial war e Mëttwoch. Deemno wäert de Paul Wirtgen, deen och zanter 2 Méint neie Generaldirekter vum Nordspidol ass, vun der nächster Reunioun un am Conseil d’Etat sëtzen.
Eréischt en Dënschdeg gouf och deen zweete fräie Posten am Staatsrot besat. Do ass et de Beetebuerger Buergermeeschter Laurent Zeimet, dee sech an engem Chambervott géint 3 aner CSV-Kandidate konnt duerchsetzen an och lo neie Conseiller am Staatsrot gëtt. Do sëtzen also lo den aktuelle Beetebuerger Buergermeeschter an den LSAP-Éierebuergermeeschter Lucien Lux zesummen an dësem Gremium.
De Laurent Zeimet ersetzt de fréieren Distriktskommissär Charles Lampers, deen Ugangs vum Joer demissionéiert hat.
Ënnert den 21 Memberen am Staatsrot sinn aktuell 8 Fraen, nodeems rezent nach d’Josiane Pauly an d’Monique Adams assermentéiert goufen.
Déi nächst Joren, inklusiv d’Superwaljoer 2023, ginn et keng personell Changementer am Staatsrot. 2024 gëtt dann den Vizepresident Patrick Santer ersat, d’Joer drop dann d’Lydie Lorang.