ChamberLaurent Zeimet gëtt neie Conseiller am Staatsrot

RTL Lëtzebuerg
Hien ersetzt do de fréieren Distriktskommissär Charles Lampers, deen no 11 Joer ugangs vum Joer de Conseil d’Etat verlooss hat.

Fir dee fräie Posten hate sech nieft dem Beetebuerger Buergermeeschter aner 3 CSV-Kandidate gemellt. Dat waren d’Juristin Claudine Konsbrück, den Affekot Henry de Ron an de Serge Sandt, fréieren Distriktskommissär a Conseiller am Interieur. De Gemengepapp vu Beetebuerg huet also d’Course gemaach. De Poste vum Buergermeeschter an engem Staatsrotmember si matenee compatibel. Hie krut 42 vun de 54 Stëmmen, déi aner Kandidaten ware jo d’Claudine Konsbruck mat 8 Stëmmen, de Serge Sandt mat 3 Stëmmen an den Henry de Ron mat enger Stëmm.

Deen anere fräie Posten am Staatsrot iwwerhëlt iwwerdeem den neie Generaldirekter vum Nordspidol, den Dokter Paul Wirtgen. Hie gëtt domadder Successeur vun der Affekotin Martine Lamesch, déi nëmmen 3 Joer laang Member vum Staatsrot war. Och dee Poste gëtt vun der CSV gestallt a gouf och scho vum CSV-Nationalcomité approuvéiert. De Paul Wirtgen huet réischt uganks dës Joers den Direktiounsposten un der Spëtzt vum Centre hospitalier du Nord iwwerholl.

Back to Top
CIM LOGO