
Am Duerchschnëtt waren dat net grad 90 Recoursen d’Joer, mat deenen d’Bezierksgeriichter an der Stad an zu Dikrech befaasst goufen. Dat geet aus der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum Piratendeputéierte Marc Goergen vun de Ministesche fir Santé a Justiz ervir.
Iwwer d’Zuel vu Persounen, déi zanter Akraafttriede vum deementspriechende Gesetz an enger Psychiatrie placéiert goufen, ginn et keng zentraliséiert Donnéeën um Gesondheetsministère. D’Ministesch Paulette Lenert präziséiert an hirer Äntwert iwwerdeems, hier wier net bekannt, datt Patienten an enger vun de 5 Psychiatrien hei am Land géint hire Wëlle Medikamenter oder Berouegungsmëttel géinge kréien.