Am RTL-InterviewPaulette Lenert reagéiert op d'Kritik vun ë.a. der AMMD

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend war d'Gesondheetsministesch Paulette Lenert Invitée am Journal op RTL Lëtzebuerg.
Paulette Lenert reagéiert op d'Kritik vun ë.a. der AMMD
E Freideg den Owend war d’Gesondheetsministesch Paulette Lenert Invitée am Journal op RTL Lëtzebuerg.

Mir sinn net zu genuch, et gi vill al Dokteren, et kommen net vill jonker no an de Patient leit drënner. Dës Reprochë gi schonn zanter Jore gemaach. E Mëttwoch den Owend hat d’Associatioun vun den Dokteren an den Zänndokteren eng ausseruerdentlech Generalversammlung, wou d’Gesondheetspolitik déi rout Kaart gewise kritt huet.

De Berechnunge vun der AMMD no kommen hei zu Lëtzebuerg 2,35 Dokteren op 1.000 Awunner. An Däitschland sinn et der dogéint 4,4 an a Frankräich 3,3. Fir d’Paulette Lenert ass de Manktem u Gesondheetspersonal zanter Joren e bekannte Problem, mat deem vill europäesch Länner ze kämpfen hätten. Hei am Land géing ee versichen, fir u verschiddene Stellschrauwen ze dréinen, fir dem Problem entgéint ze wierken. Beispillsweis zielt hei de Studium dozou, deen hei zu Lëtzebuerg ugebuede gëtt, mat verschiddene Spezialisatiounen. Fir d’Gesondheetsministesch wier dat e gudde Wee, fir den Nowuess mam Lëtzebuerger System ze familiariséieren, an der Hoffnung, datt se dann och hei am Land bleiwen.

Wat de Reproche vun der AMMD ugeet, datt net géif op hir Iddie gelauschtert ginn, dee wëllt d’Paulette Lenert net esou am Raum stoe loossen. Um Gesondheetsdësch, deen aus ronn 25 Acteure besteet, géing jidderee Gehéier kréien an och d’Méiglechkeet kréien, fir sech anzebréngen. Dat géing och gutt funktionéieren, esou hätt een nach e Mëttwoch gutt Gespréicher gehat mat Acteuren, déi ganz konkret Stellung geholl hunn zum geplangte Plan national santé. Bedauere géing d’Paulette Lenert hei awer, datt esou e wichtegen Acteur wéi AMMD esou zeréckhalend wier. Vun hinne wieren nämlech zanter dem Summer keng Propose méi erakomm.

Wat Garden, respektiv Astreinten ugeet, huet d’Gesondheetsministesch um Plateau nach emol betount, datt 40 Euro pro Stonn hei géingen um Dësch leien an net 22 Euro pro Stonn, wéi den Dr Alain Schmit en Donneschdeg als Invité vun der Redaktioun gesot hat. Wou ee sech aktuell awer nach net eens wier, dat wieren d’Auerzäiten, déi solle remuneréiert ginn. D’Paulette Lenert hofft, datt sech dat net nach laang an d’Längt wäert zéien an een do séier zu enger Léisung fënnt. Vun der Regierung koum och gréng Luucht, fir d’Enveloppe eropzesetzen.

Och d’Kritik vum Dr Alain Schmitt, datt d’Spidolsfederatioun “am Schlepptau vun der Politik” wier, wollt d’Paulette Lenert esou net am Raum stoe loossen. Et géif ee sachlech Gespréicher féieren. D’Spideeler géife genausou iwwer Cotisatiounen an ëffentlech Gelder finanzéiert ginn, wéi de ganze Gesondheetssystem.

E weidert Thema am Interview war d’Waardezäit fir e Rendez-vous bei engem Dokter, engem Spezialist ze kréien oder och an enger Urgence bäizekommen. Hei gëtt sech ënnert anerem vu Patientesäit ëmmer nees beklot. Aktuell géing een dorunner schaffen, well den Ament géingen hei nach keng Informatioune virleien. Et géing een hoffen, fir doduerch eng beschtméiglech Aschätzung ze kréien. Fir d’Santé wier et op alle Fall wichteg, fir déi Delaien niddreg ze halen an och ze verstoen, a wéi enge Beräicher ginn et laang Delaien a gëtt et ee Mangel.

Eng grouss Suerg wieren hei d’Urgencen, wou een hofft, datt ee mat de Maisons médicalen do kann entgéint wierken. Lues a lues géingen d’Leit déi och besser unhuelen, sou d’Paulette Lenert.

Een Update gouf et och a puncto Kardiologen zu Ettelbréck. Hei hate jo rezent eng ganz Partie Dokteren demissionéiert. An engem kuerzen Zäitraum wieren hei schonn dräi gutt Kandidaturen erakomm, sou datt d’Paulette Lenert optimistesch bleift, fir Ersatz ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO