Generalversammlung vun der AMMDRout Kaart fir d'Gesondheetspolitik am Land

Lynn Cruchten
Fir d'AMMD ass et eng Gesondheetspolitik ouni Visioun fir de Patient, iwwert dësem an och sengem Dokter hir Käpp ewech.
Rout Kaart fir d'Gesondheetspolitik am Land
Déi huet d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren der Politik op hirer Generalversammlung gewisen.

Nodeems bekannt gouf, dass am Nordspidol zu Ettelbréck sechs Kardiologe géifen ophalen, well se d’Garden net méi géife packen, hat d’AMMD vun enger reegelrechter Dokteschflucht geschwat. Dat wier net fir Polemik ze maachen, sou d’Associatioun vun den Dokteren an Zänndokteren hei am Land, mä et wier e Constat.

Vun engem generelle “ras-le-bol” goung riets op der Generalversammlung vun der AMMD. Bal 250 Dokteren hate sech zu Bartreng am Centre Atert versammelt. D’Aarbechtskonditioune fir d’Doktere géifen ëmmer méi schwiereg, huet ënner anerem den Dr Jean-Paul Schwartz, Member vum Verwaltungsrot vun der AMMD, gemengt.

“D’Doktere musse leider zu ëmmer manner, mat manner Zäit fir eng wuessend, wiesselend Bevëlkerung zu Lëtzebuerg méi effikass mat de richtegen Outile kënne schaffen.”

Net fir näischt hu quasi sämtlech Memberen am Sall der aktueller Gesondheetspolitik déi rout Kaart gewisen. Et wier eng Politik, déi iwwert d’Käpp vun den Dokteren an de Patienten ewech géif Decisiounen huelen. D’Politiker géife léiwer schéi Geschichten erzielen, Fotoen bei Aweiunge an hire potentielle Wieler Kaddoen maachen. Den Dr Philippe Wilmes, Vizepresident vun der AMMD, schwätzt vun enger Gesondheetspolitik ouni Visioun fir de Patient, déi just um Prinzip “Hoffnung” géif baséieren.

“Eng Gesondheetspolitik, déi hofft, dass et muer besser gëtt. Déi hofft, dass muer rëm Dokteren an d’Land kommen. Dass all déi Problemer, déi se verursaacht huet, sech muer a Loft opléisen. Eng Gesondheetspolitik vun der Ideologie, der Ignoranz, der Insouciance, der Inkoherenz an der Inkompetenz.”

Net nëmmen Doktere wieren onzefridden, mä och d’Patienten. Dat, well se laang op wichteg Rendez-vouse misste waarden an net all déi néideg Gesondheetsleeschtungen hei am Land géife kréien.

Dr. Philippe Wilmes

De Gesondheetsdësch wier eng verpasste Geleeënheet, sou nach de Philippe Wilmes. Mä et géif nach eng Chance op Besserung. Dofir missten d’Dokteren zesumme mat de Patiente déi nächst 12 Méint kämpfen, fir an d’Richtung vun enger neier Gesondheetspolitik ze goen.

Back to Top
CIM LOGO