
Op der Plaz konnten d’Beamten d’Fra mat hirem Auto untreffen, un deem béid Pneuen op der Säit vum Fuerer beschiedegt waren. Bei der Kontroll huet d’Fra uginn, kuerz virdrun en Accident gehat ze hunn. Iwwerdeem ass opgefall, datt d’Automobilistin ze vill gedronk hat, wat och en Alkoholtest confirméiert huet. Well de Maximalwäert däitlech iwwerschratt war, huet d’Fra de Fürerschäin missten ofginn a gouf protokolléiert.
An der Avenue Marie-Thérèse an der Stad gouf géint 5.30 Auer eng Patrull op e Chauffer opmierksam, dee beim Ofbéien op de Boulevard Joseph II duerch eng rout Luucht gefuer ass. Bei der Kontroll vum Mann konnt hie keng valabel Versécherung virweisen an den Alkoholtest war och hei positiv ausgefall. De Permis gouf op der Plaz agezunn.